Liichtathletik-WM vu Senioren2 Mol Gold an 1 Mol Bronz fir Lëtzebuerg um 2. Dag

RTL Lëtzebuerg
Am Hummer an am Héichsprong konnte sech 2 Lëtzebuerger eng Goldmedail sécheren, am Cross iwwer 8 Kilometer gouf et sëlwer.
D'Mireille Tonizzo-Kosmala
D’Mireille Tonizzo-Kosmala
© RTL (Archiv)

Um 2. Dag vun der Senioren-Indoor-WM zu Torun a Polen gouf et direkt 3 Medaile fir déi Lëtzebuerger Delegatioun. D’Mireille Kosmala-Tonizzo konnt mam schwéieren Hummer sech déi éischt Goldmedaile sécheren, dat mat 16,51 Meter. Déi zweete Goldmedail war dir de Marc Flohr am Héichsprong mat 1,70 Meter.

De Justin Gloden ass iwwer 8 Kilometer Cross als Drëtten iwwert d’Arrivée gelaf, dat an enger Zäit vun 22 Minutten a 35 Sekonnen. Domadder hat hien e Retard vu 19 Sekonnen op den Zweeten a 26 Sekonnen op de Ferenc Janusz aus Polen, dee Gold geholl huet. Dëst ass fir de Sportler eng gutt Leeschtung, deen aus enger laanger Verletzungspaus kënnt.

Dann ass de Steve Tonizzo knapp laanscht eng Medail gerutscht, hie gouf am Hummerwerfen de Fënneften.

LINK: All d’Detailer um Site vun der Weltmeeschterschaft

Back to Top
CIM LOGO