
No enger gelongener Sortie aus dem Waasser mat just engem Réckstand vu ronn 20 Sekonnen op dee Beschten ass de Stefan Zachäus op de Vëlo geklommen. Hei konnt de Lëtzebuerger an engem secke Rhythmus an d’Pedallen drécken an esou ass hie mat engem méi klenge Grupp op de Lafcircuit komm.
Um Enn ass d’Kraaft fir eng gutt 16. Plaz duergaangen - e Resultat, dat dem Zachäus weider wichteg Punkten um Wee fir d’Olympesch Spiller 2020 zu Tokyo abruecht huet.
Weidere Lëtzebuerger a Kanada am Asaz
Och de Para-Triathlet Joe Kurt konnt mat engem staarke Resultat vu sech schwätzen doen. An der Kategorie PTS4 konnt de Lëtzebuerger seng gutt Form aus de leschte Wochen mat enger 8. Plaz ënnersträichen an ass domat um gudde Wee, sech fir déi Paraolympesch Spiller ze qualifizéieren.