Kultur a Sport13. Editioun vum Escher Kulturlaf

Christophe Hochard
De 7. September gëtt déi 13. Editioun vum Escher Kulturlaf organiséiert.
13. Editioun vum Escher Kulturlaf
De 7. September gëtt déi 13. Editioun vum Escher Kulturlaf organiséiert. Bei dëser Course ginn d’Kultur an de Sport matenee verbonnen.

Maximal 3.000 Leefer a Leeferinne kënnen un dësem sportlechen Evenement deelhuelen. Aktuell si knapp 1.500 Persoune fir de Kulturlaf 2019 ageschriwwen.

Escher Kulturlaf/Reportage Laura Trierweiler

D’Friche vun der Arbed um Belval an d’Héichiewen am spezielle stinn den nächste Samschdeg nees am Virdergrond vum Kulturlaf. Um Parcours selwer gouf fir dës Editioun näischt geännert. An och d’Distanze bleiwen déi selwecht. 10 Kilometer an ënnert anerem 10 Meile stinn um Menü vun de Leefer a Leeferinnen.

PDF: Dossier de Presse Escher Kulturlaf

Back to Top
CIM LOGO