Am éischte Match vun der EM-Qualifikatioun kréien d'FLH-Hären et e Mëttwoch den Owend um 19:00 Auer zu Skopje mat Nordmazedonien ze dinn.
Zanter leschter Woch preparéiert sech d'Nationalekipp op de Start vun der EM-Qualifikatioun. De Sam Richard konnt net mat an Nordmazedonien fléien. Hien hat sech e Sonndeg blesséiert.
Am Grupp 8 kritt Lëtzebuerg et donieft nach mat de staarke Géigner Schweden a Griichenland ze dinn. E Sonndeg spillt een an der Coque géint Schweden. D'Partie ass um 16:00 Auer a gëtt och live op RTL iwwerdroen.
Déi éischt zwou Ekippen aus all Grupp qualifizéiere sech fir d'Europameeschterschaft 2028. Donieft qualifizéiere sech och nach déi véier bescht Gruppendrëtt.