Den Iwwerbléck vum internationale FuttballVictoirë fir ManU, Arsenal an Chelsea, 3 Punkten och fir Barca an Neapel

Ted Koob
An der Premier League gouf et um Samschdeg keng Iwwerraschungen an de Matcher vun de Spëtzenekippen. A Spuenien konnt Barcelona 3 Punkten doheem halen.
© GLYN KIRK/AFP

An der Bundesliga huet Dortmund zu Wolfsburg gewonnen. St. Pauli konnt mam Danel Sinani Stuttgart mat 2:1 klappen.

E Last-Minute-Erfolleg gouf et fir Neapel an Italien.

Premier League

Manchester United - Tottenham 2:0
1:0 Mbeumo (38'), 2:0 Fernandes (81')

Manchester United huet de groussen Deel vum Match an Iwwerzuel gespillt an de 4. Succès hannertenee gefeiert. Bei de Gäscht gouf de Romero no ronn enger hallwer Stonn wéinst engem béise Feeler um Casemiro vum Terrain gesat. An der Suite war d’Heemekipp déi dominant Ekipp an huet sech verdéngt mat 2:0 duerchgesat. Ee Gol virum Téi vum Mbeumo an een nom Téi vum Fernandes sinn de Red Devils duergaangen, fir déi 3 Punkten doheem ze halen.

Arsenal - Sunderland 3:0
1:0 Zubimendi (42'), 2:0 Gyökeres (66'), 3:0 Gyökeres (90+3')

No engem engagéierten Ufank vu Sunderland ass Arsenal ëmmer besser an d’Partie komm. De verdéngten 1:0 konnt de Zubimendi kuerz virun der Paus markéieren. Nom Säitewiessel hunn d’Gunners den Tempo héich gehalen. Nom 2:0 duerch de Gyökeres an der 66. Minutt war d’Partie entscheet. De selwechte Spiller huet an der Nospillzäit nach op 3:0 erhéicht. Arsenal baut d’Avance un der Tabellespëtzt op 9 Punkten aus, ManCity huet awer ee Match manner um Kont.

Wolverhampton - Chelsea 1:3
0:1 Palmer (13', Eelefmeter), 0:2 Palmer (35', Eelefmeter), 0:3 Palmer (38'), 1:3 Arokodare (55')

De Mann vun der Partie Cole Palmer huet de Match schonns an den éischte 45 Minutten entscheet. Tëscht der 13. an der 38. Minutt konnt hien de Ball dräimol am Gol ënnerbréngen. Den Tabelleleschte Wolverhampton konnt no der Paus duerch den Arokodare op 1:3 verkierzen, méi war net dran. Chelsea steet no der Victoire op der 5. Plaz an der Tabell an huet weiderhin ee Punkt Retard op ManU.

Newcastle - Brentford 2:3
1:0 Botman (24'), 1:1 Janelt (37'), 1:2 Thiago (45+2', Eelefmeter), 2:2 Guimaraes (79', Eelefmeter), 2:3 Ouattara (85')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Genua - Neapel 2:3
1:0 Malinovskyi (3', Eelefmeter), 1:1 Höjlund (20'), 1:2 McTominay (21'), 2:2 Colombo (57'), 2:3 Höjlund (90+5', Eelefmeter)

D’Spectateuren hunn zu Neapel eng animéiert Partie gesinn. No der fréier Féierung fir d’Heemekipp konnt den aktuellen italieenesche Meeschter d’Partie bannen 2 Minutten dréinen. No der Paus konnt Genau awer nees ausgläichen. An der 77. Minutt krut de Juan Jesus vun Neapel déi rout Kaart gewisen. D’Gäscht hu sech awer net aus der Rou brénge gelooss a konnten an der Nospillzäit duerch en Eelefmeter nees a Féierung goen. Et sollt bei der knapper Victoire bleiwen. Mam Succès kann een de Réckstand verkierzen an den Drock op Inter an den AC Mailand héich halen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

La Liga

Barcelona - Mallorca 3:0
1:0 Lewandowski (29'), 2:0 Yamal (61'), 3:0 Bernal (83')

Barcelona ass senger Favoritteroll gerecht ginn an huet sech doheem verdéngt mat 3:0 géint Mallorca behaapt. De Lewandowski hat seng Faarwen a Féierung bruecht, de Yamal konnt mam 2:0 no der Paus fir d’Virentscheedung suergen. De Bernal huet mam 3:0 fir d’Schlussresultat gesuergt. An der Tabell bleift d’Ekipp vum Hansi Flick op der 1. Plaz.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO