E Sonndeg ass de Ball nees an enger Rei internationale Futtballchampionnater gerullt. An der däitscher Bundesliga hu sech Stuttgart an Union Berlin d’Punkte gedeelt an och tëscht Augsburg a Freiburg gouf et ee Remis. An England ass den Tabelleleschte Wolverhampton no engem Remis géint Newcastle elo schonn zanter fënnef Matcher ongeschloen an Aston Villa huet d’Defaite vu ManCity selwer net genotzt, fir laanscht si op déi zweet Plaz ze zéien.
A Frankräich huet sech Stroossbuerg mat 2:1 géint den FC Metz duerchgesat a fir Atlético Madrid gouf et a Spuenien eng knapp 1:0-Victoire.
Stuttgart - Union Berlin 1:1
1:0 Führich (59'), 1:1 Jeong (83')
No enger relativ ausgeglachener an animéierter éischter Hallschent konnt d’Lokalekipp no enger knapper Stonn duerch e Gol vum Chris Führich a Féierung goen. Mam 1:0 am Réck huet sech Stuttgart dann e Stéck méi zréckgezunn, wat Union awer op laang Siicht net dru gehënnert huet, nach den Ausgläich ze schéissen. An der 83. Minutt war et dann ausgerechent de fréiere Stuttgarter Woo-Yeong Jeong, dee vill Plaz an Zäit hat, de Ball no enger Pass iwwert d’Linn ze drécken. Um Enn sollt et bei engem gerechte Remis bleiwen, duerch deen d’Haushären an der Tabell Hoffenheim laanscht sech op déi drëtt Plaz zéie loossen.
Augsburg - Freiburg 2:2
1:0 Claude-Maurice (47'), 2:0 Rexhbecaj (49'), 2:1 Suzuki (60'), 2:2 Matanovic (62')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga
Wolverhampton - Newcastle 0:0
D’Schlussliicht vun der Premier League huet sech doheem e Punkt géint Newcastle erkämpft an ass domat elo schonn zanter fënnef Matcher ongeschloen. D’Gäscht aus Newcastle waren zwar déi liicht besser Ekipp um Terrain, ma géint eng kompakt Defense hat d’Offensiv keng Léisung fonnt. Duerch de Remis rutscht een am enken Tabellemëttelfeld op déi 8. Plaz erof.
Aston Villa - Everton 0:1
0:1 Bary (59')
Aston Villa huet d’Defaite vu Manchester City net genotzt an huet duerch eng 0:1-Defaite géint Everton verpasst, op déi zweet Plaz ze sprangen. No enger éischter Hallschent ouni Goler war dem Thierno Barry an der 59. Minutt de Féierungsgol gelongen. D’Lokalekipp hat zwar eng Rei Chancen op den Ausgläich, ma mat enger kämpferescher Leeschtung huet Everton d’Féierung iwwer d’Zäit bruecht.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Bologna - Florenz 1:2
0:1 Mandragora (19'), 0:2 Piccoli (45'), 1:2 Fabbian (88')
FC Turin - AS Roum 0:2
0:1 Malen (26'), 0:2 Dybala (72')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Stroossbuerg - Metz 2:1
1:0 Moreira (12'), 1:1 Hein (24'), 2:1 Godo (43')
Um 18. Spilldag huet sech Stroossbuerg mat 2:1 géint den FC Metz duerchgesat a bleift domat weider un den internationale Plazen drun. Nom fréie Féierungsgol an der 12. Minutt war Metz weider 12 Minutten drop den Ausgläichsgol gelongen. De Martial Godo sollt kuerz virun der Paus dann awer den zweete Gol fir seng Ekipp markéieren, op deen d’Gäscht am zweeten Duerchgang keng Reaktioun méi weise konnten. Metz belift domat weider op der leschter Tabelleplaz stoen.
Rennes - Le Havre 1:1
0:1 Mambimbi (69'), 1:1 Embolo (86')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
Getafe - Valencia 0:1
0:1 Gaya (84')
Atlético Madrid - Alaves 1:0
1:0 Sörloth (48')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga