
Gladbach - Stuttgart 0:3
0:1 Leweling (30'), 0:2 Scally (67', Eegegol), 0:3 Undav (74')
De VfB Stuttgart hëlt verdéngtermoossen dräi Punkte vu Gladbach mat heem. D’Fohlen haten an der 13. Minutt d’Méiglechkeet op den 1:0, mee den Tabakovic huet de Gol vum Eelefmeterpunkt leie gelooss. Duerno hat Stuttgart méi vum Match a konnt an der 30. Minutt a Féierung goen. Bis an d’Paus huet de VfB d’Féierung geréiert, huet nom Säitewiessel awer méi Drock opgebaut a koum no 68 gespillte Minutten no engem Corner zum zweete Gol. Kuerz drop ass de Schwaben souguer den drëtte Gol gelongen, woumat den Deckel drop war; och well Gladbach an der zweeter Hallschent komplett ofgemellt war. Fir Gladbach ass et déi 10. Néierlag an dëser Saison, Stuttgart bleift mat den 3 Punkten uewen drun.
Freiburg - Köln 2:1
0:1 Rosenfelder (10', Eegegol), 1:1 Scherhant (11'), 2:1 Matanovic (44')
Eng onglécklech Aktioun vum Rosenfelder huet zum 1:0 fir Köln geféiert, mee deen huet just 92 Sekonne gehalen. Freiburg hat uschléissend zwar méi vum Match, mee géint eng kompakt Defense vu Köln gouf et laang keen Duerchkommen. Bis de Sportclub kuerz virun der Paus awer nach e Lach fonnt huet a mat 2:1 an d’Kabinne goung. Béid Ekippen hunn och am zweeten Duerchgang e flotte Match mat ville Golchancë gebueden. Jiddereen hat d’Chance op e weidere Gol. Am nooste war Freiburg drun, mee den Eelefmeter an der 66. Minutt konnt de Schwäbe halen. Dohier blouf et bis zum Enn spannend.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga
Crystal Palace - Chelsea 1:3
0:1 Estevao (34'), 0:2 Joao Pedro (50'), 0:3 Fernandez (64', Eelefmeter), 1:3 Richards (88')
De positiven Trend vum FC Chelsea ënner dem neien Trainer Rosenior geet weider, Crystal Palace geréit dogéint ëmmer méi no ënne kucken. An der éischter Hallschent kruten d’Spectateuren net vill Golchancen ze gesinn, mee de Gol vum Estevao no engem Solo iwwer den hallwen Terrain war net onverdéngt. Chelsea huet seng éischt Chance am zweeten Duerchgang direkt fir den 2:0 genotzt a war domat sou gutt wéi op der Gewënnerstrooss. Eng Véierelstonn méi spéit kruten d’Blues en Handeelefmeter zougesprach, deen de Fernandez verwandelt huet. Crystal Palace konnt um Enn nach e bësse fir Kosmetik suergen.
Newcastle - Aston Villa 0:2
0:1 Buendia (19'), 0:2 Watkins (88')
Aston Villa huet ech vun der Néierlag géint Everton gutt erholl an dat opstriewend Newcastle United mat 2:0 geklappt. Duerch dës Victoire bleift d’Ekipp vu Birmingham mat 46 Zieler punktgläich mat Manchester City an a Schlagdistanz zum Tabelleleader Arsenal London.
Arsenal - Manchester United 2:3
1:0 Martinez (29', Eegegol), 1:1 Mbeumo (37'), 1:2 Dorgu (51'), 2:2 Merino (84'), 2:3 Cunha (87')
Manchester United mécht den Titelkampf mat der Victoire bei Arsenal nees spannend. Arsenal behält awer weiderhi 4 Punkten Avance op ManCity an Aston Villa. D’Gläichspill an der Paus war verdéngt, och wann Arsenal gréisstendeels spillbestëmmend war. Mee d’Gunners haten net vill honnertprozenteg Golchancen; och d’Féierung duerch den Eegegol war glécklech. Duerno war ManU am Match a konnt de Match no der Paus dréinen. Den Ausgläich vun Arsenal war nëmme vu kuerzer Dauer, well de Cunha mat engem Sonndesschoss aus 25 Meter den decisive Gol fir d’Gäscht markéiert huet. Fir Manchester war et déi zweet Victoire am zweete Match ënner dem Interimstrainer Michael Carrick.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Bergamo - Parma 4:0
1:0 Scamacca (15', Eelefmeter), 2:0 De Roon (24'), 3:0 Raspadori (73'), 4:0 Krstovic (90'+2)
Juventus Turin - Neapel 3:0
1:0 David (22'), 2:0 Yildiz (77'), 3:0 Kostic (86')
Turin huet de Spëtzematch géint Neapel kloer a verdéngt gewonnen. D’Féierung no 45 Minutte war verdéngt a schéin erausgespillt. Vun de Gäscht aus Süditalien koum de ganze Match iwwer ze wéineg. Beim 2:0 hunn d’Napolitaner duerch eng Feelpass an der Defense och staark matgehollef. Den drëtte Gol huet d’Iwwerleeënheet vu Juventus an dësem Match ënnerstrach. Fir Turin waren et wichteg Punkten, fir un Neapel an dem AC Mailand drunzebleiwen. Fir Neapel ass et déi éischt Néierlag no véier Matcher ouni Néierlag, dorënner awer och dräi Gläichspiller.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Nantes - Nice 1:4
0:1 Cho (16'), 0:2 Cho (29'), 0:3 Diop (40'), 1:3 Mostafa Mohamed (45'+2), 1:4 Louchet (90'+3)
Metz - Lyon 2:5
0:1 Endrick (11'), 0:2 Kluivert (16'), 0:3 Morton (32'), 1:3 Kouao (34'), 1:4 Endrick (45'+1), 2:4 Diallo (64'), 2:5 Endrick (87', Eelefmeter)
No enger kuerzer positiver Phas um Enn vum leschte Joer ass Metz zënter e puer Wochen nees um Wupp vun der Tabell ukomm. Och géint den Tabellevéierte vu Lyon gouf et keng Punkten ze rafen. D’Gäscht hu séier fir kloer Verhältnisser gesuergt. Och wa Metz zwee Mol un den Ausgläich gleewen duerft, hat Lyon ëmmer eng Äntwert parat. Metz ass weiderhi Leschten an dierf sech freeën, dass Nantes (14 Punkten) an Auxerre (12) eng änlech schlecht Form wéi d’Grenats hunn.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
Atlético Madrid - Mallorca 3:0
1:0 Sörloth (22'), 2:0 Lopez (75', Eegegol), 3:0 Almada (87')
D’Serie vun Atlético geet weider. Dës Victoire war de fënnefte Match ouni Néierlag hannerteneen. D’Rojiblancos hunn awer nach 7 Punkte Réckstand op de Lokalrival Real Madrid op Plaz 2. D’Victoire géint Mallorca stoung am Ufank op wackelege Been, mee duerch eng Leeschtungssteigerung an der zweeter Hallschent war se um Enn verdéngt. Ganz kuréis war den Eegegol zum 2:0. No enger Atlético-Flank gouf de Ball beim Degagement un de Kapp vun engem mallorquinesche Spiller geschoss, a vun do aus ass de Ball am Gol gelant.
FC Barcelona - Oviedo 3:0
1:0 Olmo (52'), 2:0 Raphinha (57'), 3:0 Lamine Yamal (73')
No enger éischter Hallschent, an där sech Barcelona immens schwéier gedoen huet, haten d’Gäscht vun Oviedo d’Barça-Spiller gutt am Grëff. Eréischt nom Säitewiessel koum Barcelona zu sengem gewinnte Spill a konnt bannent 6 Minutten zwee Goler markéieren; och well Oviedo matgehollef huet. Den drëtte Gol vum Yamal per Säitfallzéier war eppes fir d’Galerie, an domat war den Deckel och drop.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga