Virschau op d'Futtball-WM: Grupp DStellewäert vum US-Häre-Futtball geklommen, sou d'Amy Thompson

Sam Rickal
D'Co-Organisateuren aus den USA kréien et am Grupp D mat der Tierkei, Paraguay an Australien ze dinn.
© RTL-Grafik

Fir déi zweete Kéier no 1994 gëtt eng Futtball-Weltmeeschterschaft an den USA gespillt. Virun 32 Joer war de Futtball bei den Amerikaner nach net sou populär wéi hautzedaags, mee och hir eegen Nationalekipp war manner prominent besat. Mat ënner anerem dem Kapitän Christian Pulisic vum AC Milan oder dem Weston McKennie vun Juventus Turin kann den amerikaneschen Nationaltrainer Mauricio Pochettino, dee virun ënner anerem och well Tottenham an de PSG trainéiert huet, op eng Partie Spiller zeréckgräifen, déi an internationale Spëtze-Championnater ënner Kontrakt stinn.

D'Rekordbutteuse vun der Lëtzebuerger Dammennationalekipp Amy Thompson huet tëscht 2015 an 2016 un der Stony Brook University am Bundesstaat New York College-Futtball gespillt. Déi 31 Joer al Stiermerin weess, datt sech de Sport an den USA zanterhier weiderentwéckelt huet an awer weiderhin anescht organiséiert ass.

"Deemools hat de Fussball bei de Fraen e méi héije Stellewäert wéi bei de Männer. Ech mengen, dat huet sech entre-temps elo zimmlech ausgeglach. An den USA ass am Fong alles, wat sou High School oder College-Sport ass, vill méi populär wéi elo Club-Sport, also am Veräin, dat gëtt et dohannen net esou vill. Do gëtt ganz vill op d'Unien an op d'High Schoole gepocht. Do hu se jo e ganze Championnat an alles."

D'Amerikaner gehéieren a quasi all Sportaart op der Welt zu der absolutter Elite. Dat läit sécherlech och un der Organisatioun vum Sport, dee par rapport zu Europa anescht opgestallt ass. Op de Sport gëtt vill Wäert geluecht, deementspriechend vill Sue ginn dann och an d'Trainingsmethode gestach.

"Wat de Sport ugeet, sief et Infrastrukturen, sief et Methoden, Techniken an all déi Saachen, wou mir hei an Europa villäicht nach net hunn oder deemools nach net haten, do si se alles wat d'Athleetik, also am athleetesche Beräich, ugeet, si se mengen ech nach e bëssi am Viraus."

D'Tierkei kéint eng Iwwerraschung ginn

1994 huet sech d'USA an der Aachtelsfinall géint de spéidere Weltmeeschter Brasilien misse geschloe ginn. D'Véierelsfinall op der WM 2002 war dat bis dato beschte Resultat an der rezenter Vergaangenheet, déi nëmmen nach vun der Halleffinall 1930 getoppt gouf. Dëst ass och gläichzäiteg dat bescht Resultat vun der Tierkei, 2002 huet en an der Halleffinall géint de spéidere Gewënner Brasilien de Kierzeren gezunn. D'Partie ëm Plaz 3 konnt een dogéint awer fir sech entscheeden.

Zanterhier hunn d'Tierke 24 Joer op déi nächst Participatioun misse waarden. Ugefouert vum Kapitän Hakan Calhanoglu vun Inter Mailand huet d'Ekipp vum Bosporus mat ënner anerem dem Arda Güker vu Real Madrid an dem Kenan Yildiz vu Juventus Turin virun allem offensiv hir Stäerkten. Mat der "neier gëllener Generatioun" wëll et d'Tierkei bei dëser Editioun beschtméiglech wäit packen.

Dofir muss een awer fir d'éischt mol d'Gruppephas iwwerstoen an ënner anerem Paraguay an Australien hannert sech loossen. Béid Ekippe ginn als Underdoggen an dës WM, kënnen awer deemno wéi fir déi eng oder aner Iwwerraschung suergen.

Dräi Froen un d'Amy Thompson

Wie gëtt Weltmeeschter?
Wie gëtt déi gréissten Iwwerraschung?
Wiem drécks du d'Daumen?

Infoen iwwer de Grupp D

De Spillpalang
D'Favoritten am Grupp
Dräi Fakten iwwer de Grupp

Maacht mat bei eiser Ëmfro

Back to Top
CIM LOGO