Lëtzebuerger Futtballer am AuslandJans bleift mat Beveren ongeschloen, héich Victoire fir Barreiro mat Benfica

Ted Koob
Fir vill Lëtzebuerger, déi dëse Weekend am Asaz waren, gouf et net vill ze feieren.
© KRISTOF VAN ACCOM BELGA MAG BELGA VIA AFP 23102025

Um Sonndeg gouf et fir Waldhof Mannheim mam Trainer Luc Holtz an dem Neizougang Vincent Thill eng defteg 0:4-Néierlag géint Hansa Rostock. Den Thill stoung an der Startformatioun, gouf awer an der Paus schonn ausgewiesselt, well hie mat Giel virbelaascht war. Fir Rostock waren déi Punkte wichteg, fir uewen un den Opstigsplazen drun ze bleiwen. Mannheim steet no 21 Spilldeeg op der 12. Plaz an huet 7 Punkte Virsprong op eng Ofstigsplaz.

Beveren bleift an der zweeter belscher Liga an dëser Saison ongeschloen. D’Ekipp vum Laurent Jans steet no der 1:0-Victoire géint Lierse mat 54 Punkte souverän un der Tabellespëtzt an huet 9 Punkten Avance op den Zweete Kortrijk. Op Plaz 3, déi fir d’Relegatioun ëm den Opstig an d’Jupiler League berechtegt, sinn et souguer 16 Punkte Virsprong. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match iwwer um Terrain.

D’Tendenz fir Heracles Almelo ass net positiv. Déi lescht fënnef Matcher huet d’Ekipp vum Yvandro Borges verluer a steet elo op der leschter Tabelleplaz. Breda ass duerch e Gläichspill laanschtgezunn. Um 20. Spilldag gouf et eng 2:4-Néierlag bei Feyenoord Rotterdam. De Borges stoung wuel am Kader, mee koum net an den Asaz.

Net vun Ufank un, dofir awer déi ganz zweet Hallschent stoung de Leandro Barreiro an der Partie vu sengem Benfica Lissabon géint Estrela Amadore um Terrain. Wéi de Lëtzebueger agewiesselt gouf, stoung et 1:0 duerch de Gol vum Pavlidis. Um Enn sollten d’Favoritten aus der Haaptstad sech dann och mat 4:0 duerchsetzen, nodeem de Pavlidis eng zweete Kéier getraff hat an den Lopes Cabral esou wéi de Cabral, deen just viru sengem Gol agewiesselt gouf, och markéiere konnten. An der Tabell steet Benfica aktuell op der 3. Plaz, dräi Punkten hanner Sporting a siwe Punkten hanner Porto, déi awer nach e Match manner hunn.

Samschdeg

Venedeg bleift an der Serie B no engem klore 5:2 Succès zu Mantua weiderhin op der 2. Plaz an der Tabell. De Seid Korac gouf an der 65. Minutt agewiesselt an huet de 4:1 fir seng Ekipp virbereet. Venedeg huet ee Punkt Retard op den Tabelleleader Frosinone.

An der 2. Bundesliga gouf et en 0:0 tëscht Greuther Fürth a Braunschweig, obwuel d’Heemekipp no enger rouder Kaart an der 3. Minutt quasi de ganze Match an Ënnerzuel gespillt huet. De Mathias Olesen souz déi 90 Minutten op der Bänk, den Aiman Dardari gouf an der 92. Minutt agewiesselt. Fürth bleift um Wupp vun der Tabell an huet e Réckstand vu 4 Punkten op eng Net-Ofstigsplaz. Magdeburg huet den Derby doheem 1:2 géint Dresden verluer. Den Eldin Dzogovic stoung wéinst enger Blessur net am Kader. Magdeburg huet just nach ee Punkt Avance op eng direkt Ofstigsplaz.

D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.

A Saudi-Arabien gouf et en 0:0-Remis tëscht Al Khaleej an Al Shabab. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt tëscht de Pottoen a blouf ouni Géigegol, obwuel een déi lescht 22 Minutten an Ënnerzuel gespillt huet.

Bei der 1:4-Néierlag vu Winterthur zu Lugano stoung de Marvin Martins net am Kader vun de Gäscht. An Holland souz den Enes Mahmutovic beim 2:2-Remis vu senger Ekipp NAC Breda beim PSV Eindhoven de ganze Match op der Bänk.

Freideg

An der 1. Bundesliga gouf um Freideg den Derby zu Hamburg tëscht St. Pauli an dem HSV gespillt. Et war eng zéi Partie, déi um Enn ouni Goler ausgoung. Den Danel Sinani gouf an der 65. Minutt agewiesselt an hat an der 79. Minutt déi bescht Geleeënheet fir d’Heemekipp.

An der Ligue 2 a Frankräich gouf et déi nächst Néierlag fir Bastia géint Montpellier. Um Enn stoung et 0:2. De Florian Bohnert stoung vun Ufank un um Terrain a gouf an der 73. Minutt ausgewiesselt. Bastia bleift op der leschter Plaz an der Tabell an huet 6 Punkte Réckstand op d’Net-Ofstigsplazen.

Back to Top
CIM LOGO