Den Iwwerbléck vum internationale FuttballRéckschlag fir ManCity am Derby géint United, Real Madrid weist Reaktioun

Jeff Birsens
Manchester City muss am Kampf ëm de Championstitel an der Premier League e weidere Réckschlag astiechen. United konnt sech am éischte Match mam neien Trainer Michael Carrick verdéngt mat 2:0 duerchsetzen.
TOPSHOT - Manchester United's Danish defender #13 Patrick Dorgu (2L) celebrates with teammates after scoring their second goal during the English Premier League football match between Manchester United and Manchester City at Old Trafford in Manchester, north west England, on January 17, 2026. (Photo by Darren Staples / AFP) / RESTRICTED TO EDITORIAL USE. NO USE WITH UNAUTHORIZED AUDIO, VIDEO, DATA, FIXTURE LISTS, CLUB/LEAGUE LOGOS OR 'LIVE' SERVICES. ONLINE IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO VIDEO EMULATION. SOCIAL MEDIA IN-MATCH USE LIMITED TO 120 IMAGES. AN ADDITIONAL 40 IMAGES MAY BE USED IN EXTRA TIME. NO USE IN BETTING PUBLICATIONS, GAMES OR SINGLE CLUB/LEAGUE/PLAYER PUBLICATIONS.
© AFP

Am englesche Futtballchampionnat ass et e Samschdeg den nächste Réckschlag fir Manchester City ginn. Am Derby gouf et géint United nämlech eng 0:2-Defaite, vun där Arsenal awer net ganz profitéiert huet. D’Gunners sinn owes nämlech net iwwert en 0:0 géint Nottingham erauskomm a vergréisseren den Ecart un der Tabellespëtzt domat nëmmen ëm ee Punkt. De véierte Remis hannertenee gouf et donieft fir Liverpool, dat trotz enger Féierung un der Anfield Road géint den Zweetleschten.

Nom batteren Out an der Coupe géint en Zweetligist wärend der Woch ass Real Madrid dann an der La Liga nees e Succès gelongen. Géint UD Levante hunn den Mbappé an den Asencio den Ënnerscheed gemaach.

An der Bundesliga war e Samschdeg d’Suite vum 18. Spilldag, bei där sech Dortmund a leschter Minutt nach géint St. Pauli duerchsetze konnt an Hoffenheim duerch eng Victoire géint Leverkusen virleefeg op déi drëtt Tabelleplaz gesprongen ass.

Premier League

Manchester United - Manchester City 2:0
1:0 Mbeumo (65'), 2:0 Dorgu (76')

Manchester United huet den Derby am Old Trafford fir sech entscheet. An der éischter Partie vum Trainer Carrick hunn d’Red Devils vun Ufank un eng gutt Leeschtung um Terrain gewisen. Si stoungen hannen disziplinéiert an hunn dann ëmmer nees duerch Konterattacken geféierlech Zeene gehat. Nëmmen ee Gol huet an deenen éischte 45 Minutte gefeelt. Dat sollt sech dann nom Säitewiessel änneren. Och hei waren d’Haushären nees déi besser Ekipp a sou war et de Bryan Mbuemo, deen an der 65. Minutt fir d’Féierung gesuergt huet. Déi dräi Punkte geséchert huet dann de Patrick Dorgu mat sengem Gol fir den 2:0 eng knapp véierel Stonn viru Schluss.

Chelsea - Brentford 2:0
1:0 Pedro (26'), 2:0 Palmer (76')

Liverpool - Burnley 1:1
1:0 Wirtz (42'), 1:1 Edwards (65')

Liverpool muss sech trotz enger 1:0 Féierung un der Anfield Road nees mat just engem Punkt zefridde ginn. De Florian Wirtz hat d’Reds no 42 Minutten verdéngt a Féierung bruecht. Wéi och schonn an der éischter Hallschent huet Liverpool och nom Säitewiessel déi eng oder aner Chance net genotzt, a genee dat huet Burnley dann an der 65. Minutt mam Ausgläich bestrooft. D’Haushären hunn zwar nach op en zweete Gol gedréckt, um Enn sollt et awer beim véierte Remis hannertenee bleiwen.

Tottenham - West Ham 1:2
0:1 Summerville (15'), 1:1 Romero (64'), 1:2 Wilson (90+3')

Nottingham - Arsenal 0:0

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Udinese - Inter Mailand 0:1
0:1 Martinez (22')

Fir den Tabelleleader Inter Mailand ass e Samschdeg ee Gol duergaangen, fir sech déi dräi wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel ze sécheren. No 22 Minutte waren d’Gäscht no enger gudder Ufanksphas duerch de Gol vum Lautaro Martinez a Féierung gaangen, deen um Enn och fir d’Decisioun suerge sollt. Inter hat däitlech méi Golchancen an och méi Spillundeeler am Match, sou datt et um Enn zwar e knappen, ma awer och e verdéngte Succès ginn ass.

Neapel - Sassuolo1:0
1:0 Lobotka (7')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Lens - Auxerre 1:0
1:0 Said (65')

Toulouse - Nice (19.00 Auer)

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Real Madrid - Levante 2:0
1:0 Mbappé (58'), 2:0 Asencio (65')

Real Madrid huet senge Supporter nees e Succès a Form vun dräi Punkte bruecht, nodeem een an der Coupe erausgeflu war an och de Supercup géint Barcelona verluer hat. D’Onsécherheet huet een de Kinneklechen an der éischter Hallschent awer däitlech ugesinn. Trotz méi Spillundeeler ass et keng richteg gutt Golchancë ginn, sou datt d’Spectateuren hir Ekipp mat engem Päif-Concert an d’Vestiairë geschéckt hunn. Nom Säitewiessel huet sech Real da weider beméit gewisen. D’Erléisung sollt et dann an der 58. Minutt duerch en Eelefmeter ginn, deen de Kylian Mbappé sécher eraschéisse konnt. Nëmme puer Minutte méi spéit huet de Raul Asencio fir den 2:0 an domat och scho fir eng kleng Virentscheedung gesuergt. Vu Levante war ni wierklech eng Gefor entstanen, sou datt déi dräi Punkten um Enn verdéngt zu Madrid bliwwe sinn.

Mallorca - Bilbao 3:2
1:0 Muriqi (5'), 1:1 Gomez (8'), 2:1 Muriqi (42'), 2:2 Williams (45'), 3:2 Muriqi (69')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO