Den Iwwerbléck vum internationale FuttballDortmund just nach 6 Punkten hannert de Bayern, ManCity verspillt Féierung

Jeff Birsens
Duerch eng 3:2-Victorie géint Heidenheim kann Dortmund vum Münchener Punkteverloscht profitéieren. ManCity muss sech donieft mat engem Punkt géint Tottenham trotz enger 0:2-Féierung geschloe ginn.
Dortmund's German defender #03 Waldemar Anton (C) celebrates scoring his team's first goal with team mates during the German first division Bundesliga football match between Borussia Dortmund and Heidenheim in Dortmund, western Germany, on February 1, 2026. (Photo by UWE KRAFT / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
© AFP

E Sonndeg ass et an den internationale Futtballchampionnater eng Rei spéit Decisioune ginn. A Spuenien huet sech Real Madrid duerch ee spéiden Eelefmeter an der 90+10. Minutt nach mat 2:1 géint Rayo duerchgesat an an England gouf et fir Manchester United duerch ee Gol vum Benjamin Sesko an der 94. Minutt nach déi dräi Punkte géint Fulham. E Réckschlag gouf et dogéint fir den Tabellendrëtten Aston Villa bei enger 0:1-Defaite géint Brentford an owes hu sech Tottenham a Manchester City d’Punkte gedeelt. Den Dominic Solanke huet hei mat engem spektakuläre Scorpion Kick nach ee Punkt fir d’Spurs gerett.

An der däitscher Bundesliga huet sech och Stuttgart dann duerch ee Gol an der 90. Spillminutt nach mat 1:0 géint Freiburg duerchgesat. Donieft verkierzt Dortmund de Réckstand op de Leader Bayern op just nach sechs Punkten. A Frankräich konnt Lyon sech am direkten Duell géint Lille mat 1:0 behaapten.

Bundesliga

Stuttgart - Freiburg 1:0
1:0 Demirovic (90')

Stuttgart huet sech duerch ee spéide Gol déi dräi Punkten am Duell géint Freiburg geséchert a klëmmt domat op déi 4. Tabelleplaz. D’Haushären haten an der éischter Hallschent méi de Ball a sinn och zu méi Golchancë komm. D’Freiburger hu sech dogéint op eng gutt Defensiv konzentréiert an op Konterchancë gewaart. Och nom Säitewiessel huet sech um Score laang näischt geännert an och Golchancë sinn ëmmer méi seele ginn. Ouni Gol sollt de Match dann awer net op en Enn goen. An der 90. Minutt war et den Ermedin Demirovic, deen de Ball mat engem Schoss an de Wénkel eragesat a Stuttgart déi dräi Punkte gewonnen huet.

Dortmund - Heidenheim 3:2
1:0 Anton (44'), 1:1 Niehues (45+5'), 1:2 Niehues (48'), 2:2 Guirassy (68'), 3:2 Guirassy (70')

Dortmund huet sech trotz engem tëschenzäitleche Réckstand nach eemol zréckgekämpft an doheem géint Heidenheim gewonnen. Kuerz virun der Paus war de BVB verdéngt duerch e Gol vum Waldemar Anton a Féierung gaangen, deen de Julian Niehues fir d’Gäscht awer nach an der 5. Minutt vun der Nospillzäit ausgläiche konnt. Direkt nom Säitewiessel war et dann op en Neits de Julian Niehues, deen op 2:1 fir Heidenheim gestallt huet. En Eelefmeter, deen de Guirassy erageschoss huet, huet Dortmund dann nees an d’Spuer bruecht an nëmmen zwou Minutte méi spéit louch d’Lokalekipp dann nees a Féierung. Dat sollt um Enn, trotz engem weideren Eelefmeter, deen net eragaangen ass, fir déi dräi Punkten duergoen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Aston Villa - Brentford 0:1
0:1 Ouattara (45+1')

Manchester United - Fulham 3:2
1:0 Casemiro (19'), 2:0 Cunha (56'), 2:1 Jimenez (85'), 2:2 Kevin (90+1'), 3:2 Sesko (90+4')

Manchester United bleift no de Victoirë géint Manchester City an Arsenal weider op der Erfollegspuer. Am Match géint Fulham konnten d’Red Devils doheem schonn no knapp 20 Minutten a Féiergung goen an no der Paus verdéngt op 2:0 erhéijen. An der Schlussphas huet dann awer de Gaascht duerch zwee séier Goler bannent sechs Minutten nees op 2:2 ausgeglach. Dat lescht Wuert sollt awer de Benjamin Sesko hunn, dee mat engem Schoss aus der Dréiung aus gutt 10 Meter fir d’Decisioun suerge konnt.

Tottenham - Manchester City 2:2
0:1 Cherki (11'), 0:2 Semenyo (44'), 1:2 Guehi (53'), 2:2 Solanke

Tottenham huet e Réckstand vun zwee Goler opgeholl a sech nach ee Punkt géint ManCity geséchert. D’Gäscht louchen duerch den Cherki a Semenyo no den éischte 45 Minutten a Féierung. No der Paus sollt dann e Selbstgol vum Marc Guehi de Match nees spannend maachen. Duerch e spektakuläre Scorpion Kick vum Dominic Solanke deele sech d’Ekippen um Enn d’Punkten.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Como - Atalanta 0:0

Cremonese - Inter Mailand 0:2
0:1 Martinez (16'), 0:2 Zielinski (31')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Lyon - Lille 1:0
1:0 Nartey (37')

Nice - Brest 2:2
0:1 del Castillo (15'), 0:2 Doumbia (23'), 1:2 Abdi (63'), 2:2 Wahi (71')

Angers - Metz 1:0
1:0 Mouton (25')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Real Madrid - Rayo 2:1
1:0 Vinicius Junior (15'), 1:1 de Frutos (49'), 2:1 Mbappé (90+10')

Real Madrid huet sech duerch ee spéiden Eelefmeter nach dräi wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel geséchert. De Favorit war virun den eegene Spectateuren, déi scho virum Match mat villem Päifen hir Onzefriddenheet aus deene leschte Woche gewisen hunn, fréi duerch ee Gol vum Vinicius Junior a Féierung gaangen. Kuerz nom Säitewiessel dann de Schock duerch ee Gol vum 17. aus der Tabell. De Jorge de Frutos konnt mat engem Schoss aus dem Strofraum op 1:1 ausgläichen. An enger immens ugespaanter Loft am Bernabeu sollt et awer nach ee glécklecht Enn ginn. An der Nospillzäit wollt den Nobel Mendy de Ball klären, huet dobäi awer nëmmen de Brahim Diaz getraff. De Kylian Mbappé huet sech der Saach ugeholl an op den decisiven 2:1 an der 10. Minutt vun der Nospillzäit gesat.

Betis - Valencia 2:1
0:1 Luis Rioja (20'), 1:1 Avila (23'), 2:1 Fornals (88')

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO