57 Poliziste blesséiertOnrouen no Champions-League-Titel: Franséisch Police hëlt 780 Leit fest

RTL mat AFP
Nodeems de PSG e Samschdeg den Owend d'Champions League gewonnen huet gouf et massiv Onrouen a Frankräich, sou datt d'Police bal 800 Persoune festgeholl huet.
Supporter zu Paräis feieren den zweeten Champions-League-Titel fir de PSG, 30. Mee 2026.
Supporter zu Paräis feieren den zweeten Champions-League-Titel fir de PSG, 30. Mee 2026.
© ROMEO BOETZLE/AFP

No der Victoire vu Paris Saint-Germain an der Champions-League-Final zu Budapest koum et a Frankräich, besonnesch an der Haaptstad, zu gewaltsamen Tëschefäll. Dausende Leit sinn op d'Strooss gaangen, wat zu engem Ausnamezoustand gefouert huet.

D'Police hat am Ufank vu 416 Festnamen am Zesummenhang mat den Onroue geschwat, dës Zuel gouf spéider op 780 erhéicht. Am Paräisser Zentrum eleng goufen et iwwer 280 Festnamen, esou de franséische Banneminister Laurent Nunez.

Dem Nunez no goufen uechter d'Land 219 Leit blesséiert, dorënner aacht schwéier. Wéi de Paräisser Parquet weider matdeelt, huet sech en déidleche Motorradsaccident zougedroen an eng Persoun schwieft no enger Messerattack a Liewensgefor.

Och d'Zuel u blesséierte Poliziste gouf vu siwen op 57 erhéicht, wat de Minister als "absolutt inakzeptabel" bezeechent huet.

Eng 22.000 Poliziste goufen uechter d'Land agesat, dat well et schonn d'Lescht Joer, wou PSG déi éischte Kéier d'Champions League gewonnen huet, zu gewaltsamen Onroue koum.

Back to Top
CIM LOGO