Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMathias Olesen bei Remis vu Graz géint Altach wéinst Blessur ausgewiesselt

Ted Koob
D'Ekipp vum Olesen Grazer AK huet gläich gespillt. An Italien konnt Venedeg an de Seid Korac de leschte Match gewannen an den Opstig an d'Serie A feieren.
© Gerry Schmit / sportspress 13102025

De Mathias Olesen stoung beim Grazer AK vun Ufank un um Terrain huet an der 19. Minutt awer missen ausgewiesselt ginn. Seng Ekipp louch bis an déi 87. Minutt 0:2 géint Altach hannen, duerno ass et der Heemekipp awer gelongen nach zweemol ze markéieren. Duerch den 2:2-Remis bleift Graz ee Punkt hannert de Plazen, déi fir d'Conference-League-Qualifikatioun géingen duergoen.

Fir St. Pauli leeft et weiderhin net gutt. Zu Leipzig gouf et eng 1:2-Néierlag an et bleift een op der direkter Ofstigsplaz. Den Danel Sinani gouf an der 89. Minutt agewiesselt. Um leschte Spilldag gëtt den Ofstigs-Showdown tëscht Pauli a Wolfsburg gespillt.

An der 2. däitscher Liga huet Magdeburg 3:1 zu Kiel gewonnen. Den Eldin Dzogovic stoung net am Kader. Magdeburg huet duerch deen Erfolleg de Maintien quasi geséchert.
D'Resultater an d'Tabell aus der 2. Bundesliga.

De Vincent Thill stoung an der 3. Liga bei 1:0-Succès vu Mannheim géint Regensburg net am Kader.

A Saudi-Arabien gouf et eng héich Néierlag fir Al Khaleej géint Al-Ettifaq. Den Anthony Moris stoung bei der 0:5-Defaite och net am Kader.

Freideg

E groussen Erfolleg gouf et fir Venedeg mam Seid Korac. Scho virum leschte Spilldag stoung fest, datt den Opstig sécher ass. An der leschter Partie gouf et en 2:0-Succès géint Palermo. De Lëtzebuerger Ofwierspiller gouf awer net agewiesselt. An der Serie A konnt Inter den nächste Succès feieren.

Sankt Pölten huet beim Kapfenberger SV mat 3:0 gewonnen. Den Dirk Carlson stoung déi ganz 90 Minutten um Terrain. An der Tabell huet een 3 Spilldeeg viru Schluss 1 Punkt Retard op Lustenau op der 1. Plaz. Déi éischt Plaz géing den Opstig garantéieren.

Back to Top
CIM LOGO