
An der zweeter däitscher Bundesliga huet Greuther Fürth den direkten Ofstig um leschte Spilldag mat engem 3:0 géint den direkte Konkurrent Düsseldorf verhënnert. Dem Aiman Dardari säi Veräin spillt elo an der Relegatioun, fir nach an der zweethéchster Liga ze bleiwen.
An Holland huet sech Breda um leschte Spilldag mat engem 3:3 géint Alkmaar aus der Eredivisie verabschit. Domat schléisst de Veräi vum Enes Mahmutovic, fir deen de Match no 55 Minutten eriwwer war, d'Saison 2025/26 mat 29 Punkten op der 17. a virleschter Tabelleplaz of.
Almelo, wou de blesséierten Yvandro Borges ënner Kontrakt steet, huet beim 1:2 géint Groningen seng 25. Néierlag am 34. Match kasséiert. Den Ofstig vun den Osthollänner stoung schonn e puer Woche fest.
An der Bundesliga huet St. Pauli um leschte Spilldag 1:3 géint Wolfsburg verluer an ass domat als Tabelleleschten ofgestigen. Den Danel Sinani ass bei den Hamburger déi 90 Minutten iwwer op der Bänk bliwwen.
Donieft gouf et fir Borussia Mönchengladbach zum Ofschloss vun enger schwiereger Saison eng däitlech Victoire, duerch déi een um Enn op Plaz 12 lant. 4:0 konnt d'Ekipp vum Tiago Pereira Cardoso sech géint Hoffenheim behaapten. De jonke Golkipp war bei der Borussia net am Kader.
An der 3. Liga an Däitschland gouf et um leschte Spilldag fir Mannheim eng däitlech 1:5-Defaite zu Ingolstadt. D'Ekipp vum Luc Holtz hat awer scho virun der Partie de Klassenerhalt sécher a gëtt mat dëser Defaite Tabellenzéngten. De Vincent Thill huet de match ugefaangen a gouf an der 78. Minutt ausgewiesselt.
Nodeems de Mathias Olesen de leschte Weekend nach wéinst enger Schwindelattack huet misse fréizäiteg ausgewiesselt ginn, konnt hien am decisive Match ëm de Klassenerhalt géint BW Linz schonn nees vun Ufank un dobäi sinn. Am Fall vun enger Néierlag um leschte Spilldag vum Ofstigsgrupp hätt de Grazer AK nach kéinten ofsteigen. Ma de GAK louch scho fréi a Féierung a konnt kuerz no der Paus duerch den Hofleitner op 2:0 erhéijen, dat no Virlag vum Mathias Olesen. Um Enn huet ee sech 3:0 duerchgesat a sech domat de Klassenerhalt geséchert.
A Saudi-Arabien huet Al Khaleej mam Anthony Moris am Gol auswäerts mat 1:3 géint Al Okhdood de Kierzere gezunn. Al Khaleej steet ee Spilldag viru Schluss op der 11. Plaz an der Tabell.
An der 1. Divisioun a Polen huet de Sébastien Thill mat Rzeszow mat 1:5 géint Wieczysta Krakow de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger hat kuerz virun der Paus den 1:3 fir seng Ekipp markéiert. Et soll deen eenzege Gol fir d'Lokelekipp bleiwen.
Am portugisesche Championnat huet Benfica Lissabon eng 3:1-Auswäertsvictoire géint Estoril gefeiert. De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro gouf an der 68. Minutt bei de Gäscht ausgewiesselt. Benfica schléisst d'Saison a Portugal op Plaz 3 of a spillt nächst Saison "just" an der Europa League. Den Titel huet sech den FC Porto geséchert.