BundesligaLeverkusen wënnt zu Frankfurt, 2:2 tëscht Hamburg a Bayern

RTL Lëtzebuerg
Bremen huet donieft spéit ee Punkt géint Gladbach gerett a Leipzig huet géint Mainz verluer.
© MARC SCHULER / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

An den aneren europäesche Ligen goufen et ënner anerem Victoirë fir Arsenal, Chelsea an Neapel.

Frankfurt kann den Negativtrend net stoppen a verléiert och doheem géint Leverkusen mat 1:3. An enger éischter Hallschent ouni vill Golchancen huet d’Werkself sech enorm effizient gewisen an ass duerch den Arthur an den Tillman 2:0 a Féierung gaangen. Frankfurt war an der zweeter Hallschent déi besser Ekipp a konnt duerch de Koch verkierzen, no der rouder Kaart fir de Skhiri an der 70. Spillminutt ass d’Lokalekipp awer kaum nach geféierlech virun de Gol komm. An der Nospillzäit huet de Garcia no engem Konter fir d’Entscheedung gesuergt. Fir d’Eintracht war et de leschte Match mam Interimstrainer Dennis Schmitt, vun e Méindeg un iwwerhëlt de spueneschen Trainer Albert Riera.

Bei Leipzig leeft et weiderhin net, soudass RB och géint Mainz doheem mat 1:2 verléiert. Et ass déi 3. Heemnéierlag aus de leschte 4 Matcher am eegene Stadion. Leipzig huet sech géint eng kompakt Defense vu Mainz offensiv schwéier gedoen, wärend d’Gäscht op Konter gelauert hunn an e puer Mol geféierlech virun de Gol komm sinn. No 36 Minutten huet den Harder no schéiner Virlag vum Nusa zwar den 1:0 fir RB geschoss, an der Nospillzäit vum éischten Duerchgang huet den Amiri awer vum Eelefmeterpunkt aus ausgeglach. Nom Säitewiessel huet de Silas, deen am Wanter op Mainz gewiesselt ass, d’Partie no engem schéine Solo gedréint. RB hat an der Suite nach eng Rei Occasiounen, déi si awer all leie gelooss hunn.

Zu Bremen hunn d’Spectateure géint Borussia Mönchengladbach een zéie Match gesinn, an deem béid Formatioune laang kaum geféierlech an de géigneresche Strofraum komm sinn. No enger Stonn sinn d’Gladbacher awer eemol gutt mat Tempo an d’Déift komm a konnten duerch den Tabakovic den 1:0 schéissen. Bremen hat awer an der Suite méi offensiv Aktiounen an huet sech an der Nospillzäit duerch ee schéinen Distanzschoss vum Topp belount, woumat d’Partie 1:1 op en Enn gaangen ass.

Donieft gouf et eng 2:1-Victoire fir Augsburg géint St. Pauli, bei där den Danel Sinani awer per Eelefmeter den 1:0 fir seng Ekipp markéiert hat. Hoffenheim konnt sech iwwerdeems mat 3:1 géint Union Berlin behaapten.

Am Owesmatch sinn d’Bayern auswäerts beim HSV net iwwert en 2:2 erauskomm. Den HSV huet vun Ufank u gutt dogéint gehalen a konnt duerch e verwandelten Eelefmeter vum Vieira no enger hallwer Stonn a Féierung goen. D’Äntwert vun de Bayern huet awer net laang op sech waarde gelooss an de Kane konnt nach virun der Paus egaliséieren. Nom Säitewiessel huet den agewiesselten Diaz direkt d’Partie fir d’Münchener gedréint, ma och déi Féierung huet net laang gehalen, well de Vuskovic an der 53. Spillminutt nees egaliséiere konnt. Eng Véierelsstonn viru Schluss hat de Vieira den 3. Gol fir den HSV um Fouss leien, den Davies konnt awer op der Linn klären. An der Schlussphas hunn d’Bayern dunn op d’Victoire gedréckt, ma et sollt awer beim Remis bleiwen.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO