Am internationale Futtballchampionnat gouf et e Sonndeg den Owend eng weider Decisioun. Den FC Barcelona ass no enger 2:0-Victoire géint Real Madrid fréizäiteg spuenesche Champion a verdeedegt domat den Titel aus der leschter Saison.
An der 1. Bundesliga gëtt et dogéint am Ofstigskampf nach eemol richteg spannend, dat well Heidenheim op en Neits eng Victoire gelongen ass. Domat sti si elo virum leschte Spilldag punktgläich mat St. Pauli a Wolfsburg.
Hamburg - Freiburg 3:2
1:0 Jatta (14'), 1:1 Matanovic (16'), 2:1 Vuskovic (64'), 3:1 Baldé (67'), 3:2 Matanovic (87')
Den Hamburger SV feiert a sengem leschten Heemmatch vun der Saison eng ënnert dem Stréch verdéngt Victoire géint den SC Freiburg. D'Breisgauer verpassen et, d'Qualifikatioun fir d'Conference League fix ze maachen. Bis op déi zwee Goler an der éischter Véierelstonn war déi éischt Hallschent net vill lass, och wa béid Ekippe beméit waren. Freiburg hat wuel nach den Europa-League-Match géint Braga an de Schanken. Hamburg sollt duerch en direkte Fräistouss nees a Féierung goen an dës kuerz drop ausbauen. Freiburg huet sech net opginn a koum duerch dem Matanovic säin zweete Gol nach eng Kéier erun. Fir méi sollt et awer net duergoen.
Köln - Heidenheim 1:3
0:1 Schöppner (8'), 1:1 Bülter (10'), 1:2 Ibrahimovic (28'), 1:3 Schöppner (72')
Heidenheim huet virun e puer Woche scho wéi de sécheren Ofsteiger gegollt. Zënterhier hu si eng onvirstellbar Ophueljuegd gestart a kënnen um leschte Spilldag souguer nach op d'Relegatiounsplaz sprangen. Aktuell si si punktgläich mat Wolfsburg a St. Pauli. Och wa Köln zënter der Néierlag vu St. Pauli e Samschdeg rechneresch gerett ass, wollte si sech anstänneg vun hire Supportere verabschiden. Dat ass hinnen awer net gelongen. Si konnte wuel op de fréie Réckstand séier konteren, mee am zweeten Duerchgang war keng Äntwert géint eng staark Heidenheimer Defensiv méiglech.
Mainz - Union Berlin 1:3
0:1 Ilic (38'), 1:1 Becker (48'), 1:2 Burke (88'), 1:3 Juranovic (90'+1)
Och wann et eigentlech eng Normalitéit si misst, ass et trotzdeem e Resultat fir d'Geschichtsbicher. Mat der Victoire vun Union Berlin huet mat der Marie-Louise Eta déi éischt weiblech Trainerin e Match am Häre-Profifussball gewonnen. Fir eng Rei Mainzer, dorënner den Trainer Urs Fischer an de Spiller Sheraldo Becker, war et och en Erëmgesi mat der aler Ekipp. An engem interessante Match huet Berlin mat zwee spéide Goler fir d'Entscheedung gesuergt.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
Burnley - Aston Villa 2:2
1:0 Anthony (8'), 1:1 Barkley (42'), 1:2 Watkins (56'), 2:2 Flemming (59')
Géint den Ofsteiger Burnley huet Aston Villa, dat sech dës Woch fir d'Finall an der Europa League qualifizéiert hat, wichteg Punkten am Kampf ëm d'Champions League leie gelooss. Zwee Matcher viru Schluss huet d'Ekipp vu Birmingham 4 Punkte Virsprong op de Sechste Bournemouth an huet genee esou vill Punkten um Kont wéi Liverpool (59).
West Ham - Arsenal 0:1
0:1 Trossard (83')
Arsenal huet mat der drëtter Victoire hannertenee Manchester City ënner Drock gesat. D'Skyblues mussen hiren Nodrosmatch gewannen, fir nach eng Chance op den Titel ze behalen. D'Gunners ware mat vill Elan an de Match gestart, konnten hir Abberzuel u Chancen awer net notzen. West Ham huet sech virun allem op d'Defense konzentréiert. Esou sollt et och am zweeten Duerchgang weidergoen, éier den Trossard Arsenal erléist huet. An der Nospillzäit gouf et nach eng grouss Diskussioun, well den Ausgläich vu West Ham vum VAR annuléiert gouf. Domat gewënnt Arsenal dëse London-Derby.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Florenz - FC Genua 0:0
Mat dësem Resultat huet Florenz de Klassenerhalt geséchert. D'Toskaner louchen den éischten Deel vun der Saison op der leschter Plaz an hu laang op déi éischt Victoire gewaart. Mat 14 Gläichspiller hu si am heefegsten d'Punkte gedeelt.
Parma - AS Roum 2:3
0:1 Malen (22'), 1:1 Strefeazza (47'), 2:1 Keita (87'), 2:2 Rensch (90'+4), 2:3 Malen (90'+11, Eelefmeter)
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
PSG - Stade Brest 1:0
1:0 Doué (82')
Duerch e spéide Gol vum Desiré Doué géint Stade Brest ass dem PSG de Championstitel just nach theoretesch fortzehuelen. Zwee Spilldeeg viru Schluss steet een nämlech mat sechs Punkten Ecart op den Zweete Lens un der Tabellespëtzt an dat mat enger Differenz vu 15 Goler op de Verfollger.
0:1 Greenwood (55')
Monaco - Lille 0:1
0:1 Zakaria (72')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Athletic Bilbao - Valencia 0:1
0:1 Sadiq (72')
Athletic Bilbao verpasst et, mat enger Victoire op eng Europa-League-Plaz ze sprangen. Valencia ass weider am Coup fir déi international Plazen.
Barcelona - Real Madrid 2:0
1:0 Rashford (9'), 2:0 Torres (18')
Den FC Barcelona huet sech am berüümten "El Clásico" mat 2:0 duerchgesat an ass domat fir déi 29. Kéier spuenesche Champion. D'Katalane waren immens staark an déi éischt Hallschent gestart a konnte schonn no néng Minutten duerch en direkte Fräistouss vum Marcus Rashford mat 1:0 a Féierung goen. Mol net zéng Minutten drop louch de Ball dann eng zweete Kéier am Gol, nodeems den Dani Olmo artistesch fir de Ferran Torres opgeluecht huet, deen dann aus gutt zéng Meter dem Courtois keng Chance gelooss huet. Bis op zwou Ausname war vu Real Madrid am éischten Duerchgang net all ze vill ze gesinn, sou datt et mat enger verdéngter Féierung fir Barcelona an d'Paus gaangen ass.
Nom Säitewiessel waren d'Haushäre weider déi spillbestëmmend Ekipp. Real dogéint huet ouni Iddie gewierkt an och fir d'Schlussphas hat een net den Androck, wéi wann de Kinneklechen hei nach e Comeback gelénge géif. D'Minutte si weider ofgelaf a sou konnt den FC Barcelona de Schampes aus dem Frigo huelen.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga