
Et war eng 2:0-Victoire am Classico géint den Dauerrival Real Madrid, déi dofir gesuergt huet, datt den FC Barcelona sech fir déi 29. Kéier spuenesche Champion dierf nennen. Duerch d'Goler vu Rashford an Torres kënnt d'Ekipp vum Trainer Hansi Flick op 91 Punkten an huet duerch d'Victoire géint den direkte Konkurrent elo 14 Punkten Avance op Real Madrid. Mat nach dräi Matcher ze spillen an néng Punkten ze verginn, kann hinne kee méi den Titel huelen.
D'Parad goung vum frësch renovéierte Camp Nou fort an ass duerch d'Stroosse vu Barcelona gaangen. Nieft dem Pokal, dee se fir de Gewënn vun der LaLiga kritt hunn, haten d'Spiller och de Pokal vum spuenesche Super Cup mat dobäi. Dësen hate si am Januar no enger 3:2-Victoire géint Real Madrid mat heem geholl.
Ma net just dës Couppe konnten d'Fans vum FC Barcelona bestaunen. Hire jonke Superstar Lamine Yamal huet wärend der Parad e palästinensesche Fändel geschwongen. Dëse Video vum Teenager mam klore politesche Message huet séier den Tour an de soziale Medien gemaach.
Barcelona ass zanter dem Oktober 2023 eng vun den Héichbuerge fir pro-palästinensesch Aktioune ginn. Ëmmer nees ginn et hei gréisser Demonstratiounen an och Schëffer vun der Global Sumud Flotilla si vun hei aus a Richtung Gaza opgebrach.
En Dënschdeg koum dann och nach d'Nouvelle, datt den Trainer Hansi Flick säi Kontrakt mat de Katalanen ëm zwee Joer verlängert huet mat der Optioun op en drëtt Joer. De Flick war 2024 op Barcelona komm an huet an ass an zwou Saisone mam Club zwee Mol spuenesche Meeschter ginn, huet ee Mol d'Copa del Rey gewonnen an zwee Mol de spuenesche Super Cup. Ee wichtegen Titel fir de Veräin awer, d'Champions League, konnt de Flick bis ewell mat Barcelona net gewannen. Dëst war him awer als Trainer vum FC Bayern am Joer 2020 gelongen.