
E Sonndeg war de kompletten 29. Spilldag an der Éierepromotioun.
Ettelbréck hat virum Match fënnef Punkte Virsprong op Beetebuerg, mee no dësen 90 Minutte läit de Virsprong just nach bei zwee Punkten, well den Tabelleleader 8:0 an der Eisebunnerstad verluer huet. Dogéint huet den Tabellenzweete Woltz den Ofsteiger Schëffleng 5:0 geklappt an ass elo bis op ee Punkt un der Etzella drun.
Och Rëmeleng huet seng Aufgab beim 5:0 géint Monnerech erfëllt, sou dass de leschte Spilldag vill Spannung versprécht. Och Walfer huet nach gutt Chancen op den Opstig, respektiv d'Relegatioun.
Am Tabellekeller kann den FC Koeppchen Wuermer net méi eroffalen an och net méi dra bleiwen. Ëm déi lescht Barragëplaz streide sech Miersch a Luerenzweiler.