E Samschdeg war an der 1. däitscher Bundesliga d’Suite vum 18. Spilldag, nodeems et e Freideg ee spannenden 3:3-Remis tëscht Bremen a Frankfurt gouf.
Den FC Bayern bleift och nom 18. Spilldag weider ouni Defaite am Championnat, dat no enger 2:1-Victoire e Samschdeg den Owend zu Leipzig. Den däitsche Rekordmeeschter war mat vill Ballbesëtz an de Match gestart, ma de Gol sollt awer op där anerer Säit falen. No gutt 20 Minutte konnt de Romulo eng flaach Pass vum David Raum verwäerten an op 1:0 stellen. Fir déi éischte Kéier an dëser Saison ass et fir d’Gäscht also mat engem Réckstand an d’Paus gaangen. Net laang nom Säitewiessel war dësen awer nees duerch de Serge Gnabry egaliséiert. Elo huet quasi just nach Bayern gespillt an obwuel Leipzig sech tëschenzäitlech och nees zréckgemellt hat, war et den Harry Kane, deen an der 67. Minutt op 2:1 stelle konnt. An der Schlussphas hu si dann nach eemol sou richteg opgedréint an duerch d’Goler vum Jonathan Tah, Aleksandar Pavlovic a Michael Olise bannent deene leschten 10 Minutten nach op 5:1 erhéicht.
Mëttes hat Borussia Dortmund virun den eegene Spectateure bal eng 2:0-Féierung verspillt, krut sech schlussendlech awer nach mat 3:2 géint St. Pauli duerchgesat. No éischte 45 Minutten op Aenhéicht war et kuerz virun der Paus de Julian Brandt, deen d’Haushären a Giel-Schwaarz duerch säi Gol mat enger Féierung an d’Paus schécke konnt. Duerch e gudde Start an déi zweet Hallschent ass dann nom Säitewiessel relativ fréi den 2:0 gefall. No engem Corner konnt den James Sands dann op 1:2 verkierzen an d’Partie domat nach eemol spannend maachen. Gutt 10 Minutte méi spéit sollt St. Pauli dann no engem Fräistouss dann tatsächlech den Ausgläich geléngen. Déi Dortmunder hunn awer net opginn an hu bis zum Schluss op e weidere Gol gedréckt. Dëse sollt dann duerch en Eelefmeter falen, deen et nom Asaz vum Videoarbitter an der leschter Minutt vun der Nospillzäit nach gi war. Den Emre Can huet hei d’Nerve vum Punkt behalen.
Duerch eng 1:0-Victoire géint Leverkusen spréngt Hoffenheim da virleefeg op déi drëtt Tabelleplaz. Fréi war d’Lokalekipp vu Sinsheim duerch e Gol vum Wouter Burger a Féierung gaangen. D’Werkself huet duerno d’Rudder an d’Hand geholl, krut sech domat awer keng Golchancen erausgespillt. An der zweeter Hallschent krut Hoffenheim seng knapp Féierung bis zum Schluss verdeedegt an hat selwer souguer nach déi eng oder aner Chance op e weidere Gol.
An de weidere Partië vum Samschdegmëtteg huet Köln mat 2:1 géint Mainz gewonnen, tëscht Hamburg a Gladbach ass et bei engem 0:0 bliwwen an och Wolfsburg an Heidenheim hu sech mat engem 1:1 d’Punkte gedeelt.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.