Lëtzebuerger Futtballer am AuslandGol vum Leandro Barreiro bei 2:0-Victoire fir Benfica

Jeff Birsens
Géint Rio Ave ass de Leandro Barreiro nieft sengem Gol och zum Spiller vum Match ernannt ginn.
TOPSHOT - SL Benfica's Luxembourgish midfielder #18 Leandro Barreiro celebrates scoring his team's first goal during the Portuguese league football match between Rio Ave FC and SL Benfica at Rio Ave FC - Dos Arcos stadium in Vila do Conde on January 17, 2026. (Photo by Miguel RIOPA / AFP)
TOPSHOT - SL Benfica’s Luxembourgish midfielder #18 Leandro Barreiro celebrates scoring his team’s first goal during the Portuguese league football match between Rio Ave FC and SL Benfica at Rio Ave FC - Dos Arcos stadium in Vila do Conde on January 17, 2026. (Photo by Miguel RIOPA / AFP)
© AFP

Samschdeg

E Samschdeg den Owend huet Benfica mat 2:0 géint Rio Ave gewonnen. De Gol fir d'1:0-Féierung an der 14. Minutt hat dobäi de Leandro Barreiro mam Kapp geschoss. Fir hie war et no sengen dräi Virlagen elo och den éischte Gol dës Saison an der portugisescher Liga. Nom Match gouf de Barreiro dann och zum Spiller vum Match ernannt.

An der 2. Bundesliga huet den Aiman Dardari, dee vum FC Augsburg ausgeléint gouf, e Samschdeg säin Debut bei Greuther Fürth gefeiert. Zu Dresden gouf de Lëtzebuerger Stiermer beim Stand vun 0:2 an der 59. Minutt agewiesselt, konnt awer net dobäi hëllefen, de Réckstand bis zum Schluss awer nach eemol opzehuelen. Um Enn muss sech Fürth also mat 0:2 géint Dynamo Dresden geschloe ginn. De Mathias Olesen stoung net am Kader.

E Succès gouf et dogéint fir de Seid Korac an der zweeter italieenescher Liga. Fir den 20. Spilldag huet sech den FC Venedeg mat 3:1 géint d’US Catanzaro duerchgesat. De Lëtzebuerger Defenseur stoung dobäi an der Staarteelef a gouf an der 77. Minutt ausgewiesselt. Duerch zwee spéit Goler konnt d’Lokalekipp vu Venedeg déi dräi Punkte bei sech halen a bleift domat weider ee Punkt hannert dem Leader Frosinone op der zweeter Tabelleplaz.

An der 1. Bundesliga war den Danel Sinani bei der 2:3-Defaite géint Dortmund wéinst Probleemer mat der Wued net am Kader. Och den Tiago Pereira war net mat Mönchengladbach op Hamburg gereest.

Freideg

En erfollegräiche Freideg hat den Anthony Moris an der éischter Liga a Saudi-Arabien. Fir Al Khaleej gouf et doheem e klore 4:1-Succès géint Al Okhdood, dem Zweetleschten aus der Tabell. Al Khaleej steet no 15 Matcher op der 8. Plaz.

Och den SC Bastia huet sech nees wichteg dräi Punkten am Ofstigskampf geséchert. Um 19. Spilldag gouf et fir d’Ekipp vu Korsika eng 2:0-Victoire géint Stade Laval, bei där de Florian Bohnert de ganze Match gespillt huet. An der Tabell steet Bastia zwar weider op der leschter Plaz, huet duerch déi gutt Resultater aus de leschte Wochen awer nees richteg gutt Chancen op e Verbleif an der Ligue 2. Véier Punkte bedréit de Réckstand op d’Relegatiounsplaz, fënnef op déi sécher 15. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO