
An der zweeter belscher Divisioun bleift Beveren mam Laurent Jans ongeschloen. Um 24. Spilldag konnte si sech mat 2:0 géint Lommel behaapten. Mat scho 60 Punkte huet d’Ekipp aus Ostflanderen eng komfortabel Avance vun 12 Punkten op den Zweetplacéierte Kortrijk. De Jans huet 90 Minutten duerchgespillt.
No sengem Wiessel an Éisträich koum de Mathias Olesen direkt am éischte Match an den Asaz. Beim 2:2 vum Grazer AK géint de Wolfsberger AC stoung de Lëtzebuerger Nationalspiller an der Startformatioun a gouf an der 83. Minutt ausgewiesselt. Graz kämpft am Moment nach drëm, fir am Titel-Playoff matzewierken, huet awer 2 Punkte Réckstand op Plaz 6, déi dozou berechtegt.
An der 1. däitscher Bundesliga gouf et e wichtegen 2:1-Succès fir St. Pauli géint Stuttgart. Den Danel Sinani stoung vun Ufank un um Terrain. De Mëttelfeldspiller huet de Ball beim 1:0 schéi fir säin Teamkolleeg Saliakas duerchgelooss an huet den 2:0 mat engem Eelefmeter selwer markéiert.
An der Serie B konnt Venedeg eng 2:1-Victoire beim Tabellenzweete Frosinone feieren. De Seid Korac koum net an den Asaz, seng Ekipp huet d’Avance un der Tabellespëtzt op 4 Punkten ausgebaut.
An der Eredivisie huet Heracles Almelo zu Nijmegen 1:4 verluer. Den Yvandro Borges souz de ganze Match op der Bänk.
A Saudi-Arabien stoung den Anthony Moris beim 1:1-Remis vun Al Khaleej bei Al-Taawon déi ganz Partie iwwer tëscht de Pottoen.
An der Schwäiz huet Winterthur 1:1 géint den Tabellenzweete Lugano gespillt. De Marvin Martins stoung net am Kader.
Hei fannt Dir den Iwwerbléck vum internationale Futtball.
Greuther Fürth huet an der 2. däitscher Bundesliga 4:5 géint Magdeburg verluer. Den Aiman Dardari stoung vun Ufank un um Terrain, huet awer onglécklech 37 Minutten erlieft. Do gouf hien nämlech beim Stand vun 1:5 ausgewiesselt. D’Ophueljuegd vu senger Ekipp goung awer net duer. Fürth bleift domadder um Wupp vun der Tabell.
D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.
An der 3. Liga konnt sech Mannheim 2:1 géint Ulm behaapten. De Vincent Thill gouf vum Luc Holtz an der 77. Minutt agewiesselt.
Bastia konnt sech beim Tabellenzweete vun der Ligue 2 a Frankräich Reims en 0:0-Remis erkämpfen. De Florian Bohnert stoung de ganze Match um Terrain. Bastia bleift um Wupp vun der Tabell an huet den Ament 6 Punkte Retard op eng Net-Ofstigsplaz.
An der 1. Divisioun an Holland souz den Enes Mahmutovic bei der 0:2-Defaite vu senger Ekipp NAC Breda géint Excelsior Rotterdam de ganze Match op der Bänk.