Neien TracéDakar-Rallye 2027 geet duerch Portugal a Marokko

Tom Nols
No der Ofso a Saudi-Arabien steet den neie Plang fir d'Dakar-Rallye 2027. D'Route féiert duerch Europa an Afrika.
De Sébastien Loeb war bei der Dakar 2026 op engem Dacia Sandrider dee Véierte ginn.
De Sébastien Loeb war bei der Dakar 2026 op engem Dacia Sandrider dee Véierte ginn.
© GIUSEPPE CACACE/AFP

Den Organisateur ASO (Amaury Sport Organisation) huet e Freideg matgedeelt, dass d'Dakar-Rallye 2027 duerch Portugal a Marokko wäert goen. Wéinst der onsécherer Lag am Mëttleren Osten war déi geplangten Duerchféierung a Saudi-Arabien ofgesot ginn.

Ursprénglech sollt déi 49. Editioun vum Klassiker op Neijoerschdag ufänken. Startschoss ass elo de 7. Januar a féiert iwwer zwee Kontinenter. Fir déi bekannt a berüchtegt Marathon-Rallye geet et also zréck bei d'Wuerzelen. Zanter Wochen hat d'ASO sech no méiglechen Alternativen ëmgekuckt. Domat gëtt d'Dakar-Rallye fir déi éischte Kéier zanter 2020 rëm baussent Saudi-Arabien gefuer.

Lass geet et am Algarve-Stadion zu Faro mat engem Prolog. No der éischter Etapp a Portugal geet et da fir déi weider néng Etappen eriwwer a Marokko. Dobäi féiert d'Streck fir d'éischt duerch de Süde vum nordafrikanesche Land, éier et, ënnert anerem laanscht d'Atlantikküst, an den Norde wäert goen. Arrivée ass no knapp 8.000 Kilometer den 23. Januar zu Marrakesch.

Back to Top
CIM LOGO