Am Kader vum Weltalzheimerdag huet d'Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer e Samschdeg, de 26. September op hire Memory Walk ënnert dem Motto "Demenz kennt keen Alter" op d'Place Clairefontaine an der Stad invitéiert.
Vun 11:00 Auer u krut een Informatiounen iwwer déi verschidden Demenzformen an d'Servicer vun der ala.
Vill leit hunn hir Solidaritéit mat de betraffene Persoune gewisen an hu beim beim Memory Walk matgemaach, en interessanten Tour mat engem Guide duerch d'Stad. Donieft stoungen Concerte vun Timeless, Les Brasseurs, Animato a vum MIL-Chouer um Programm an och fir Iessen an Drénken war beschtens gesuergt.
Umelle konnt ee sech gratis op alzheimer.lu
