Dänesch Traditioun "Fællessang"Yuriko Backes a Mataarbechter sange "YMCA", "Atemlos" an "Alexandrie"

RTL Lëtzebuerg
No enger Visitt zu Kopenhagen huet d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes eng dänesch Traditioun an hirem Ministère agefouert.
Yuriko Backes séngt mat Mataarbechter virum Ministère
No enger Visitt zu Kopenhagen huet d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes eng dänesch Traditioun an hirem Ministère agefouert.

Scho fir déi 3. Kéier huet d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes zesumme mat e puer Mataarbechter aus hirem Ministère op der Place de l’Europe gesongen. D’Iddi huet si aus Dänemark matbruecht.

Bei enger Visitt an der Haaptstad Kopenhagen virun e puer Méint hate Mataarbechter vum däneschen Transportministère virun hirem Ministère gesongen. Bei der dänescher Traditioun “Fællessang” kommen d’Leit beieneen, fir zesummen ze sangen. Als feste Bestanddeel vun der dänescher Kultur gëtt d’Traditioun dacks a Schoulen, bei Fester oder och op der Aarbecht praktizéiert. “Fællessang” soll den Zesummenhalt an déi sozial Bindung fërderen.

Op der Neijoerschdaagsreceptioun hätt d’Yuriko Backes dann de Ministere Serge Wilmes a Claude Meisch d’Iddi proposéiert, well si mat hire Ministèren Ëmwelt a Logement am selwechte Gebai si wéi de Mobilitéitsministère.

Dësen Donneschdeg war et dann déi 3. Kéier, bei där d’Mataarbechter mat der Ministesch op der Place de l’Europe fir ongeféier eng véierel Stonn zesummekomm sinn an dräi Lidder gesongen hunn. Dat op englesch, däitsch a franséisch. Nieft “YMCA” vun de Village People hu si “Alexandrie, Alexandra” vum Claude François an “Atemlos durch die Nacht” vum Helene Fischer gesongen.

Fir d’Ministesch eng flott Initiativ, fir eng “schéin Zäit zesummen ze verbréngen, éier den Dag richteg lass geet”.

Back to Top
CIM LOGO