Den 52 Joer ale Sherpa Hillary Dawa gouf lieweg, net wäit fort vum Basislager, fonnt. Hien hätt sech aus eegener Kraaft dohi geschleeft, heescht et vun den Autoritéiten. Hien hat iwwer Deeg an der sougenannter Doudeszon ouni Iessen a Sauerstoff iwwerlieft.
Der nepaleesescher Noriichtesäit "The Tourism Times" no war de Sherpa fir ze stierwen um Bierg zeréckgelooss ginn an et wier deeglaang keng Sichaktioun lancéiert ginn. Ee britteschen Alpinist war mam Sherpa um Sommet, wou deen hien um Réckwee nach iwwer dem Lager II gebieden hat, ouni hie weiderzegoen. Eréischt e Mëttwoch hat de Britt op Instagram ee Video gedeelt, an deem hien de Sherpa fir dout erkläert huet.
Ëmsou méi verwonnerlech ass et, datt den Nepalees lieweg erëmfonnt gouf. Den erfuerenen Alpinist war staark ënnerkillt a konnt just lues schwätzen, nodeems hie vum Sagarmatha Pollution Control Committee (SPCC), déi de Bierg reegelméisseg opraumen, fonnt gi war.