Wäert fält zanter 3 JoerUSA an allgemenger Perceptioun hanner Russland

RTL Lëtzebuerg
An enger weltwäiter Ëmfro, un där méi wéi 46.000 Leit aus 85 Länner deelgeholl hunn, falen d'USA an der allgemenger Perceptioun hanner Russland an Irak zréck.
Déi allgemeng Beléiftheet vun den USA fält
Déi allgemeng Beléiftheet vun den USA fält
© ALEX WONG/Getty Images via AFP

An der neister Editioun vun der "Global Country Perceptions Database" hu méi wéi 46.000 Leit aus 85 Länner hir Meenung zur allgemenger Perceptioun vun 132 Länner an internationalen Organisatiounen ofginn. Déi ermëttelt Wäerter leien dobäi tëscht -100 a +100 a sinn als holistesch Unitéiten ze verstoen. Et geet ëm dat ganzheetlecht Gefill, dat vun engem Land ausgeet, net ëm politesch Wäerter, Responsabeler oder Institutiounen.

Dem neiste Resultat no leien d'USA op Plaz 128 vun 132, hanner Syrien, Russland an Irak. No de Vereenegte Staate kommen nach Iran, Afghanistan, Nordkorea an Israel. Op der 118 sinn et d'Vereenten Natiounen, wärend d'Nato op Plaz 90 kënnt. Ugefouert gëtt de Ranking vun der Schwäiz. Dat neutraalt Land huet deemno weltwäit déi positiivste Perceptioun. Hannendru komme Kanada, Japan, Schweden an Italien. D'Belsch läit op Plaz 17, fir Däitschland ass et Plaz 20, wärend Frankräich op der 39 steet. Lëtzebuerg kënnt net dra vir.

Kuckt HEI déi ganz Tabell vun der Global Country Perceptions Database.

Back to Top
CIM LOGO