Reaktioun op Ännerunge vum TrumpUS-Serie "South Park" nennt sech a "South America" ëm

AFP, iwwersat vun RTL
Déi satiresch Zeechentrickserie "South Park" huet annoncéiert, sech als Reaktioun op d'Ëmbennunge vun e puer Plazen duerch den US-President Trump, an Zukunft "South America" ze nennen.
Die satirische Zeichentrickserie "South Park" hat angekündigt, sich als Reaktion auf die Umbenennung mehrerer Orte durch US-Präsident Donald Trump - die teils von Apple und Google übernommen wurden - fortan "South America" zu nennen.
Déi satiresch Zeechentrickserie "South Park" kritt en neien Numm.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

"Inspiréiert vum Mutt a Patriotismus vun Apple a Google ännere mir den Numm vu South Park a South America", hunn d'Kreateure vun der beléifter US-Serie, den Trey Parker an de Matt Stone, en Dënschdeg matgedeelt.

Eréischt virun e puer Deeg hat den Trump am Handelssträit mat Kanada den Ontario-Séi un der Grenz a "Lake America" ëmbenannt. E Sonndeg huet hien dunn annoncéiert, de Bundesstaat New Mexico an "New America" wëllen ëmzebennen.

Déi lescht Woch huet hien ausserdeem proposéiert, d'Strooss vun Hormus am Persesche Golf an Zukunft "Strooss vun Trump" ze nennen. Kuerz dono huet hien awer gesot, datt dat keng eescht gemengt Propos gewiescht wier.

Um Ufank vu senger zweeter Amtszäit hat de President schonn de "Golf vu Mexiko" a "Golf of America" ëmbenannt. Dës Ännerung hu souwuel Apple wéi och Google iwwerholl.

Déi satiresch Animatiounsserie fir Erwuessener "South Park" spillt an enger Klengstad an den USA a gräift dacks ëmstridden Theeme vum Liewen an den USA op an hëlt och den Trump reegelméisseg op d'Schëpp.

Back to Top
CIM LOGO