Engersäits huet hien am Januar annoncéiert, dass de Golf vu Mexiko elo “Golf vun Amerika” géif heeschen; an och, dass de Mount Denali rëm säi fréieren Numm sollt hunn, Mount McKinley. Dee war an ass elo erëm nom fréieren US-President, William McKinley, benannt. Den Numm “Mount Denali” ass op d’Sprooch vun den eenheemeschen Awunner zréckzeféieren, an ass elo offiziell net méi am Gebrauch.
Et géif awer e groussen Ënnerscheed ginn tëscht der Ëmbenennung vum eegenen Terrain an der Ëmbenennung vun internationale Gewässer, esou den Øistein Schmit, Geographie-Professer am Escher Jongelycée. “Wann et awer elo ëm international Gewässer geet, wéi zum Beispill hei den zentralen Deel vum Golf vu Mexiko, do däerf e Land et nennen,wéi et wëll, dat däerf et och ophuelen a senger Database wéi et wëll, mee dat ass dann nëmme bindend fir de Sproochgebrauch an deem Land. Fir aner Länner ass dat net onbedéngt bindend”, seet hien.
Dass e Gewässer ëmbenannt gëtt, ass keng Nouveautéit. De Grenzfloss tëscht den USA a Mexiko, zum Beispill, huet zwou Bezeechnungen: “Rio Grande” op amerikanescher Säit, a “Rio Bravo del Norte” op mexikanescher Säit.
En internationaalt Gewässer offiziell ëmzebenennen, bréngt awer och Schwieregkeete mat sech. E Land huet nämlech nëmme Souveränitéit iwwert 12 Séimeilen, also 22,224 Kilometer. Iwwert de ganze Recht vum internationale Gewässer hätt e Land also keng Souveränitéit.
Awer huet Google d’Ännerung unerkannt an huet de Golf vu Mexiko op Google Maps ëmbenannt. Wat fir een Numm de User gesäit, hänkt awer dovun of, wou ee wunnt a wéi een Numm lokal unerkannt ass. Fir e mexikanesche Bierger steet nach ëmmer “Golf vu Mexiko” do, fir en amerikanesche Bierger ass et de “Golf vun Amerika”. De ganze Recht vun der Welt gesäit “Golf vu Mexiko (Golf vun Amerika)”.
D’Motivatioun hannert dem Donald Trump senger Decisioun géif kloer mat senge Walverspriechen zesummenhänken. “Et ass an éischter Hisiicht scho mol eng schnell an einfach Aart a Weis, fir verschidde Walverspriechen wouer ze maachen, wou et drëms gaangen ass, MAGA, an America First ze promouvéieren an och amerikanesch Nimm erëm opliewen ze loossen”, esou den Øistein Schmit.