Sinn d'USA deemnächst zeréck um Mound?Trump schwätzt vu méiglecher Moundlandung nach a senger Mandatsperiod

RTL mat AFP
Op enger Pressekonferenz zu der Artemis-II-Missioun huet den US-President och e bëssen an d'Zukunft gekuckt.
D'Astronaute Victor Glover, Christina Koch, Reid Wiseman a Jeremy Hansen mam Donald Trump am Oval Office.
D'Astronaute Victor Glover, Christina Koch, Reid Wiseman a Jeremy Hansen mam Donald Trump am Oval Office.
© BRENDAN SMIALOWSKI/AFP

Den US-President huet an enger Receptioun am Wäissen Haus ugedeit, datt d'USA et eventuell nach a senger Presidence kéinte packen, nees Leit op de Mound ze schéissen.

"Ech mengen, datt mir d'Méiglechkeet dofir hunn. Ech wëll elo net soen, datt mer et definitiv packen, soss gëtt dono erëm gesot: Dir hutt versot". Aktuell wier een dem Plang esouguer viraus an et hätt een d'Autorisatiounen dofir ginn, esou den Donald Trump nach op d'Fro vun engem Journalist.

Den US-President hat eng Pressekonferenz iwwer déi gegléckten Artemis-II-Missioun ginn, bei där och déi véier Astronaute present waren, déi rezent de Mound ëmkreest haten. Dofir waren d'Amerikaner Reid Wiseman, Victor Glover a Christina Koch esou wéi de Kanadier Jeremy Hansen Ufank tëscht dem 1. an 10. Abrëll wärend 9 Deeg, enger Stonn, 32 Minutte a 15 Sekonnen ënnerwee an hunn 1.126.922 Kilometer zeréckgeluecht.

Sinn d’USA deemnächst zeréck um Mound?
Trump schwätzt vu méiglecher Moundlandung nach a senger Mandatsperiod

Back to Top
CIM LOGO