Dausende Leit goufe sech erwaartTraditionell war Ouschterméindeg nees d'Nouspelter Emaischen

Christophe Hochard
Bekannt am ganze Land sinn jo hei d'Péckvillercher, déi zu Nouspelt ugebuede ginn.

Traditionell gëtt op Ouschterméindeg d’Emaischen zu Nouspelt organiséiert. 1957 eng éischte Kéier. Deemools ass e Cortège duerch d’Stroosse vum Duerf gefuer mat villen Handwierker u Bord. E puer Joer drop ass de Péckvillchen entstanen.

Zanter 1987 ass den Usch mat dobäi. Mat senge bal 85 Joer produzéiert den Nouspelter aus Leem seng Villercher, fir déi hien och iwwer d’Grenze vum Land eraus bekannt ass.

Vun e Méindeg de Moien 10 Auer un lafen d’Festivitéiten. Tëscht 5.000 an 8.000 Leit kommen all Joers op d’Nouspelter Emaischen.

Traditionell war Ouschterméindeg nees d'Nouspelter Emaischen
Bekannt am ganze Land sinn jo hei d’Péckvillercher, déi zu Nouspelt ugebuede ginn.

Och an der Stad op der Emaischen ass eng lass um Méindeg

Back to Top
CIM LOGO