
Den Himmel iwwer Europa ass e Mëttwoch den Owend zur Bün fir en aussergewéinlecht astronomescht Spektakel ginn. E Mëttwoch ass de Mound virun d’Sonn geréckelt a an huet a verschiddene Regioune fir eng total Sonnendäischtert gesuergt. Total ze gesinn war d’Phenomeen ënnert anerem a Grönland, Island an am Norde vu Spuenien. A villen aneren Deeler vun Europa konnt d’Sonnendäischtert op d’mannst deelweis observéiert ginn.
RTL.lu huet zwee offiziell Livestreame vun der European Space Agency (ESA) gewisen, déi d’Evenement aus verschiddene Perspektiven live iwwerdroen huet.
Am éischte Livestream huet d’ESA direkt aus dem "Javalambre Astrophysical Observatory" an der spuenescher Provënz Teruel iwwerdroen. Den Observatoire louch am Beräich vun der Totalitéit, wou d’Sonn wärend e puer Minutte komplett vum Mound verdeckt gëtt.
Am zweete Livestream stoung d’Observatioun vun der Sonnendäischtert am Mëttelpunkt. Iwwer en Teleskop-Feed konnt een d’Totalitéit vun der Sonnendäischtert an detailléierte Live-Biller verfollegen. Dobäi sinn och déi verschidde Phase vun der Sonnendäischtert aus noer Distanz ze gesinn – vun deenen éischte Verännerunge bis zur Totalitéit.