Wat stécht derhannert?De Mr Science erkläert d'Sonnendäischtert

Bob Konsbruck
Nächste Mëttwochowend lount et sech gläich zweemol an den Himmel ze kucken – wann da keng Wolleken do sinn.
Et soll een ni mat bloussem Aen an d'Sonn kucken, well déi eis Netzhaut verbrenne kann – och bei enger Sonnendäischtert.
© GABRIEL BOUYS/AFP

Um fréien Owend geet et lass mat engem seelene Phänomen: enger partieller Sonnendäischtert. Mr Science, wat stécht do derhannert?  

Et ass de Mound, dee genee tëschent eis an der Sonn duerch wandert an eis doduerch d'Siicht op d'Sonn blockéiert. Well d'Sonn awer grouss ass an de Mound kleng, werft de Mound just e Punktschied op d'Äerd.

Wisou kann de Mound dann d'ganz Sonn bedecken, obwuel e sou kleng ass?

Dat ass e komeschen Zoufall: de Mound ass zwar 400 mol méi kleng wéi d'Sonn, awer och 400 mol méi no un der Äerd – dofir passt dat genee.

Gëtt et da méi däischter wann d'Sonn hannert dem Mound verschwënnt?

Nee. Lëtzebuerg wäert den 12. August net genee am Punktschied dra sinn, dofir bleift d'Sonn nach siichtbar. Mir hu keng total Sonnendäischtert, wéi dat hei 1999 fir d'lescht de Fall war an den 12. August a Spuenien wäert de Fall sinn.

Mee et wäerten hei awer um Héichpunkt 90 Prozent vun der Sonn bedeckt sinn, also nach just 10 Prozent vun der Sonn siichtbar bleiwen. Et lount sech also trotzdeem, an den Himmel ze kucken.

Et soll een dann awer net an d'Sonn kucken ouni sou e Spezialbrëll?

Jo, et soll een ni mat bloussem Aen an d'Sonn kucken, well déi eis Netzhaut verbrenne kann. Bei der Sonnendäischtert ass de Problem, datt d'Tentatioun vill méi grouss ass, fir laang dran ze kucken. Dofir brauch een e Spezialbrëll mat enger Schutzfolie. Déi Brëller mussen och eng gewëssen ISO-Norm erfëllen.

A wou kréien ech sou een?

Beim Optiker, am Science Center oder eventuell och um Solar Eclipse Evenement zu Ettelbréck. Awer op kee Fall en normale Sonnebrëll benotzen.

Wann ee kee spezielle Schutzbrëll huet, kann een d'partiell d'Sonnefinsternis och duerch eng sougenannte Camera obscura beobachten. An op science.lu/ gëtt ee gewuer, wéi ee sou eng baue kann.

Mir haten et schonn ugekënnegt: D'Sonnendäischtert ass awer net deen eenzege Spektakel deen Owend?

Effektiv. Méi spéit deen Owend, wann et däischter ass an den Himmel kloer ass, sinn dann nämlech och nach ganz vill Stäreschnäizen ze gesinn – theoretesch bis 60 Stéck an der Stonn. An dat, well d'Äerd sech grad duerch eng Stëbswollek vum Koméit Swift-Tuttle beweegt.

An dëser Stëbswollek si kleng Stécker a Partikelen, déi vum Koméit ofgebréckelt sinn – sougenannte Meteoritten. Déi triede mat immens héijer Vitesse an déi iewescht Atmosphäre vun der Äerd an a vergléien do.

Dobäi hannerloosse se eng Liichtspuer, déi mir als Stäreschnäiz gesinn. Déi Stäreschnäize gi Perseide genannt.

Well wann een hiren Ursprong zréckverfollegt, läit deen am Beräich vum Stärebild Perseus.

Ma dann, Avis aux amateurs! Wéini a wou kann een déi zwee Phänomener beobachten?

D'partiell Sonnefinsternis kann een en Mëttwoch, den 12. August 2026 bei klorem Himmel iwwerall zu Lëtzebuerg vun 19:20 Auer u beobachten. Den Héichpunkt ass hei géint 20:15 Auer.

D'Perseide kann ee méi spéit deen Owend gesinn, wann et ganz däischter ass. Am beschte sicht ee sech dofir eng Plaz, wou ee méiglechst vill vum Himmel gesäit a Beliichtung vu Stroossen oder Gebaier net stéieren.

Back to Top
CIM LOGO