Déier blesséiert fonntFra a Rheinland-Pfalz transportéiert Gräifvull am Zuch

RTL Lëtzebuerg
A Rheinland-Pfalz krut d'Bundespolizei et en Donneschdeg mat engem méi ongewéinlechen Zuchpassagéier ze dinn.
Der Bundespolizei Kaiserlautern ass bei der Déiererettung kuerz Zäit fir eng Foto bliwwen.
© Bundespolizei Kaiserslautern

Eng Fra war an der Regionalbunn mat enger Gräifvull ënnerwee. Fonnt hat si d'Déier am Laf vum Moien op engem Feld zu Nieder-Olm. Well et blesséiert war an net méi aus eegener Kraaft konnt fléien, huet d'Fra kuerzerhand decidéiert, de Vull mat op d'Rees ze huelen. Nach am Zuch huet si dunn d'Bundespolizei informéiert an huet de Beamten de Vugel dunn iwwerreecht, wou d'RB 31 um Mainzer Hauptbahnhof ukoum.

D'Beamten hunn hirersäits den Déiereschutz informéiert, déi de Gräifvull dunn op eng Wëlldéierestatioun bruecht hunn. Der Pressematdeelung vun der Bundespolizei Kaiserslautern no konnt net gekläert ginn, ëm wéi eng Aart Gräifvull et sech genee handelt an och firwat d'Déier net konnt fléien, wier nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO