Hire verstuerwene Mann hat se deemools mat heem bruecht, nodeems hien engem Kolleeg beim Plënnere gehollef hat. Och wann him schonn eng Kéier eng héich Zomm dofir ugebuede gouf, wollt hie sech ni dovunner trennen. Haut freet sech d'Angèle, ob dat déi richteg Entscheedung war.
Bäi derwäert erzielt si dem Sophie Becker, firwat si mat deenen aussergewéinlechen Alben op d'Sendung komm ass. De Mike Decker hëlt d'Bicher genee ënnert d'Lupp a verréit, wat sech hannert de villen historesche Fotoen an Illustratioune verstoppt. Sinn déi al Dokumenter haut nach gefrot oder ass hire Wäert mat de Joren zeréckgaangen?
Wat déi zwee Alben haut nach wäert sinn, gesitt Dir bäi derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.