Hobby-Astronom erkläert d’SonnendäischtertE spezielle Sonnenënnergang an dono d’Stäreschnäizen

Diana Hoffmann
Déi bescht Vue op déi partiell Sonnendäischtert huet ee mat enger fräier Vue op den Nordwesten. Héichpunkt ass owes ëm 20:15 Auer.
© GABRIEL BOUYS/AFP

Déi bescht Vue op déi partiell Sonnendäischtert huet ee mat enger fräier Vue op den Nordwesten. Héichpunkt ass owes ëm 20:15 Auer.

Eng Sonnendäischtert vun 90 Prozent ass eppes, wat een net all gudden Dag am Grand-Duché ka kucken. E Mëttwoch den Owend wäert et dann esouwäit sinn. Tëscht 19:20 an 21 Auer wäert sech de Mound tëscht d'Sonn an d'Äerd drécken. "De Mound brauch ongeféier 27 Deeg, fir eemol ëm d'Äerd ze kreesen. Dofir hu mir och déi verschidde Moundphasen, wéi Neimound a Vollmound. Bei engem Neimound steet de Mound tëscht der Sonn an der Äerd", erkläert den Hobbyastronom Loïc Hommel. Meeschtens géing de Schiet dobäi awer net op d’Äerd falen, mee heiansdo kéim dëst awer vir. A wann de Mound da genee virun der Sonn steet, ass et eng komplett Sonnendäischtert. Ganz sou seelen ass dat awer och net. Iergendwou op der Welt passéiert dat bis zu dräi Mol pro Joer.

"Dass de Kär-Schiet vum Mound iwwer Lëtzebuerg geet, ass ganz seelen”, ënnersträicht de Loïc Hommel. Fir ongeféier 10 bis 15 Minutte wäert d'Sonn mat 85 bis 90 Prozent verdeckt sinn. Déi leschte Kéier war dat 1999 de Fall. Déi nächst total Sonnefinsternis wäerte mir dann éischter net méi materliewen. Dës ass am Joer 2151.

De klenge Mound verstoppt déi grouss Sonn?

Den Duerchmiesser vun der Sonn ass 400 Mol méi grouss wéi dee vum Mount. D’Sonn mësst ongeféiert 1.39 Millioune Kilometer. De Mound 3.475 Kilometer. Just als Verglach: D'Äerd ass mat 12.742 Kilometer ronn 3,7 Mol méi grouss wéi de Mound. Wéi et elo iwwerhaapt zu enger Sonnendäischtert ka kommen, wier "en interessanten Zoufall", seet de Loïc Hommel. D'Sonn ass nämlech ongeféier och 400 Mol méi wäit fort vun eis wei de Mound.

Bei enger totaler Sonnefinsternis kann de Mound d'Sonn deemno komplett verdecken. Heiansdo ass de Mound awer e bëssen ze wäit ewech, sou dass de Bord vun der Sonn ze gesi bleift. Dat nennt een eng rankfërmeg Sonnendäischtert.

De Loïc Hommel iwwer d'Sonnendäischtert
Den Hobbyastronom iwwer den Oflaf vum Mëttwoch.

Net just eng 90 prozenteg Sonnendäischtert

"Wat awer nach dobäi kënnt, ass, datt d'Sonn zimmlech déif um Horizont wäert sinn. Dat heescht mir hu gläichzäiteg eng Sonnendäischtert a mir hunn och ee Sonnenënnergang”, betount de Loïc Hommel. Den Héichpunkt vun der Sonnendäischtert um 8:15 Auer Owes ze gesinn, wäert awer net allze einfach ze beobachte sinn. “Virun allem wa mer de Maximum erreeche vu knapp 90 Prozent ass d'Sonn just e puer Grad iwwert dem Horizont. Dat heescht, et muss ee schonn eng ganz, ganz gutt Siicht op den Horizont hunn, ouni Obstakel, fir datt ee méiglechst vill ka gesinn”, betount den Expert.

Mee och wann de Spektakel vun der Sonnendäischtert ëm 21 Auer eriwwer wäert sinn, kann ee sech prett maachen, fir den nächsten Event um Himmel. An dëse wäert net esou séier einfach um Horizont verschwannen. An der Nuecht vum Mëttwoch op en Donneschdeg wäerten d'Perseiden, also d'Stäreschnäizen, hire Maximum hunn. Vun 23 Auer u kann ee warscheinlech éischt Sternschnuppen erblécken. Wéi gutt een dës gesäit, wäert vun der Liichtverschmotzung ofhänken. Bei Liichtverschmotzung ass mat 20 bis 30 Perseiden d'Stonn ze rechnen, déi ee ka gesinn. “Wann een elo op méi däischter Plaze geet, am Éislek, wou den Himmel wierklech däischter ass, soll et kee Problem sinn, bis zu 50, 60 ze gesinn”, schätzt den Hobby-Astronom.

E besonnescht Event zu Ettelbréck

Wie sech da wëllt mat anere Stäre-Kuckerten zesummendinn, dee kann dat um "Solar Eclipse Day" zu Ettelbréck bei der Däichhal maachen. D'Startup Nightwise huet zesumme mat anere Partner hei e gratis Event organiséiert, wou d'Leit och speziell Brëller zur Verfügung gestallt kréien. Doriwwer eraus ginn d’Visiteure mat Explikatioune ronderëm d'Sonnendäischtert an d'Perseide versuergt. Lass geet den Event fir déi ganz Famill ëm 17 Auer. Dauere soll e bis kuerz viru Mëtternuecht.

Ni ouni spezielle Brëll an d'Sonn kucken

Wien da vergiess huet, sech e spezielle Brëll ze besuergen, fir d'Sonnendäischtert ze kucken, an et net op Ettelbréck packt, dee kann och e Livestream um Internetsite vun der European Space Agency (ESA) kucken.

Sonnendäischtert iwwer Europa: Seng Ae schützen ass wichteg
Mir hunn nogefrot, wéi ee sech am beschte bei der Sonnendäischtert muer schütze soll.

Schéckt eis Är Fotoen oder Videoe vun dëser Sonnendäischtert eran

Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO