
Déi US-amerikanesch Weltraumagence huet op hirem Internetsite en Tool lancéiert, mat deem ee sech säin Numm - oder iergend en anert Wuert - mat Äerdopname vun de Landsat-Satellitte kann ausbuschtawéiere loossen. Déi eenzel Buschtawen hunn dobäi déi selwecht Form wéi bestëmmt Flëss, Bëschstécker oder aner Landstrécher uechter d'Äerd. Ënnert all Buschtaf steet dann och, wou d'Opnam gemaach gouf, mat de geneeë geografesche Coordonnéeën.
D'Landsat-Satellitte sinn eng Serie u Satellitten, déi vun der NASA primär fir d'Erfaassung vun der Äerduewerfläch genotzt ginn.