Um Enn vun enger Generalaudienz am Vatikan huet de Franziskus matgedeelt, datt e Benedikt schwéier krank wier, ouni awer an den Detail ze goen. "Ech géif Iech all ëm e speziellt Gebiet fir de fréiere Poopst Benedikt bieden. Denkt drun, hien ass schwéier krank, a frot bei Gott no, hien ze tréischten [...]".
De Joseph Ratzinger huet 95 Joer an hat 2013 de Posten als Poopst opginn.