Wat verstoppt sech an de Pëtzer vum Ischpelter Schlass?Op Schatz-Juegd an engem Schlass mat bal 800 Joer Geschicht

Philippe Dondelinger
Zwee Pëtzer, ee Magnéit an eng Fro, déi eis vun der éischter bis zur leschter Minutt beschäftegt huet: Wat läit do ënnen um Fong vun de Pëtzer? Eppes wat bis dato nach ni kontrolléiert gouf.
Op Schatz-Juegd an engem Schlass mat bal 800 Joer Geschicht
Wat verstoppt sech an de Pëtzer vum Ischpelter Schlass?

Fir eise Reportage si mir an d'Schlass vun Ischpelt gefuer. E Schlass, dat haut als Luxushotel bekannt ass, mee deem seng Geschicht vill méi wäit zeréckgeet. D'Originne vum Site ginn nämlech bis an d'13. Joerhonnert zeréck. Dat aktuellt Schlass gouf zwar vill méi spéit gebaut an iwwer d'Joerhonnerten ëmmer nees ëmgebaut an erweidert, mee d'Fundamenter vun der Geschicht leien déif an der Vergaangenheet.

E Schlass, dat Kricher a Verfall iwwerlieft huet

Iwwer Joerhonnerten hunn hei verschidde Famillje gelieft. D'Schlass huet Kricher, Verännerungen an Zäite vu Wuelstand matgemaach. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf et esouguer als Kommando-Posten an als Feldspidol benotzt. Déi Zäit huet däitlech Spueren hannerlooss. Nom Krich ass d'Gebai ëmmer méi verfall, bis et schliisslech bal komplett vun der Natur zeréckgeholl gouf. Eréischt am Joer 2005 huet eng nei Ära ugefaangen. De Freddy Lodomez, de Papp vum Diana Lodomez, déi mam Yannick Ruth bestuet ass, huet dat wat nach bliwwen ass opkaaft a renovéiert. Méi wéi dräi Joer laang hu ronn honnert Handwierker dru geschafft, dem Gebai säi fréiere Glanz zeréckzeginn. 2008 gouf d'Schlass offiziell als nationaalt Monument klasséiert.

Eng Entdeckung ënnert der aler Kichen

A genee wärend dëse Restauratiounsaarbechte gouf eng spannend Entdeckung gemaach. Ënnert enger aler Holzplack an der deemoleger Kichen ass op emol e Pëtz opgetaucht, deen iwwer vill Joerzéngten, vläicht souguer Joerhonnerten, verstoppt war. Haut kënnen d'Hotelsgäscht duerch eng déck Glasplack an d'Déift kucken. Mee wat sech do ënnen nach verstoppt, dat wollte mir méi genee wëssen.

Mat engem Magnéit an d'Déift

Fir dat erauszefannen, hu mir e Magnéit an d'Pëtzer erofgelooss. Wat kéint iwwer d'Joerhonnerten alles hei erofgefall sinn? Mënzen? Bijouen? Alldeeglech Géigestänn? Mat all Kéier, wou de Magnéit nees no uewe koum, war d'Spannung grouss.

Zwee Pëtzer, vill Froen

Deen éischte Pëtz ass de Visiteuren net onbekannt. Iwwer d'Joren hunn ëmmer nees Leit Mënzen erageheit, esou wéi een et bei ville Buere kennt. Dee Pëtz, deen am Schlass awer am interessantste war, war de Pëtz ënnert der 6cm décker Glasplack. Well dee war laang komplett vergiess. An dat eleng mécht schonn d'Faszinatioun vun esou enger Plaz aus.

D'Geschicht läit net ëmmer am Musée

Net all historesch Spuer läit hannert enger Vitrinn. Heiansdo verstoppt se sech ënnert engem Buedem, hannert enger Mauer oder um Fong vun engem Pëtz. D'Schlass vun Ischpelt ass dofir dat bescht Beispill. Haut ass et e modernen Hotel, mee gläichzäiteg och eng Plaz, wou d'Vergaangenheet nach ëmmer present ass. An heiansdo brauch ee just e Magnéit an e bësse Virwëtz, fir dës Geschicht erëm un d'Uewerfläch ze bréngen.

Firwat mir nach ëmmer gär op Schatzjuegd ginn

Och wann een net all Dag op e grousse Schatz stéisst, bleift d'Faszinatioun déi selwecht ewéi deemools, wou mer nach Kand waren. An elo mol éierlech: eis Aventure eleng schonn, eppes zu zwee erliewen, an d'Welt nees kuerz aus den Ae vun engem Kand ze gesinn, ass vläicht dee gréisste Schatz op der Welt, deen et gëtt.

Back to Top
CIM LOGO