Är witzegt a verrécktste Songs um RadioOp Ouschterméindeg gëtt et speziell: "RTL – Nieft der Plakk!"

RTL Lëtzebuerg
Vun 13 bis um 19 Auer iwwerhuele de Laurent Gillander a Jules Serrig d’Antenn, fir eng Radioshow, déi komplett nieft der Plack ass.
© RTL Grafik

Hei lafen déi verrécktst, krommst a witzegst Lidder, déi een net all Dag am Radio héiert. Vu Schlager, iwwer Pop, bis bei aussergewéinlech Klassiker a richteg witzeg Songs.

An dat Bescht: Dir bestëmmt d’Playlist!

Déi geckegst Song-Iddie kënnt Dir eraschécken a mat e bësse Chance héiert Dir Äert Lidd de 6. Abrëll um Radio.

“RTL - Nieft der Plakk*": Op Ouschterméindeg vun 13 bis 19 Auer mat villen Iwwerraschung, Musek a gutt Laun.

*Op dësem Dag ass net just d’Musek nieft der “Plakk”, ma och d’Grammatik vun dësem Wuert huet eng kleng ofkritt.

Back to Top
CIM LOGO