Seegel-Tuer: Les Voiles de l'Espoir (Deel 7 vu 7)Endlech Heem! Elo schon?!

Table Ronde
"Les Voiles de l'Espoir" ass déi weltwäit gréisst solidaresch Seegelveranstaltung fir Kanner (8-14 Joer), déi Kriibs haten. Déi 13. Editioun ass vum 6. bis den 13. Juni op der Côte d'Azur.

Bei de "Voiles de l'Espoir" ass dëst Joer och eng Ekipp aus dem Grand-Duché mat derbäi: d'Team Table Ronde Lëtzebuerg. D'Table Ronde ass eng Associatioun, déi ënner anerem Projete fir de gudden Zweck mécht an ënnerstëtzt. An engem Tagebuch huelen d'Kanner eis Dag fir Dag mat op hir Aventurë wärend hirem Seegel-Tuer.

De siwenten a leschten Deel vun hirem Tagebuch

Endlech Heem! Elo schon?!

An zack war d’Woch eriwwer. 

Mir setzen am Bus vir heem. Déi meescht sin direkt ageschloof. No 7 Deeg um Waasser, 7 Deeg un der frëscher Loft a vollem Programm, mee virun allem och 7 kuerze Nuechten, ass de Rimm iergendwann erof. 

Et ass eng komesch Stëmmung tëschent Virfreed op eis Léifsten doheem an Trauer dass déi wonnerbar Zäit elo eriwwer ass. 

Déi di schon derbäi waren wëssen dass een no der Woch vun “de Voiles” riskéiert an e Lach ze faalen. Back to normal. Back to life. Den Alldaag huet een séier zereck, mee a Gedanken ass een nach um Boot a virun allem bei de Kanner. 

Déi Kanner déi zum Deel viru manner wéi engem Joer nach an der Klinik louchen. Kriibserkrankung Stadium 4. A 6 Méint dono matt engem grousse Grinsen um Segelboot laanscht d’Côte d’Azur. 

Mir hun sie mattgeholl op d’Voiles de l’Espoir. Mir gin Hoffnung. A sie léiren eis eng ganz wichteg Lektioun: Freed um Liewen. Egal wat kënnt. 

Agathe, Arthur, Caroline, Constance, Louis, Matthieu, Milana, Tun: mir hoffen dir denkt nach ganz laang un des Woch zereck. Dir wësst et vlait guer net, mee dir sidd kleng Helden. 

Merci fir alles. 

Seegel-Tuer: Les Voiles de l'Espoir (Deel 7 vu 7)
"Les Voiles de l'Espoir" ass déi weltwäit gréisst solidaresch Seegelveranstaltung fir Kanner (8-14 Joer), déi Kriibs haten.


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO