Seegel-Tuer: Les Voiles de l'Espoir (Deel 4 vu 7)"Zäit fir déi nächsten Theme-Soirée: la Magie des Voiles"

Table Ronde
"Les Voiles de l'Espoir" ass déi weltwäit gréisst solidaresch Seegelveranstaltung fir Kanner (8-14 Joer), déi Kriibs haten. Déi 13. Editioun ass vum 6. bis den 13. Juni op der Côte d'Azur.

Bei de "Voiles de l'Espoir" ass dëst Joer och eng Ekipp aus dem Grand-Duché mat derbäi: d'Team Table Ronde Lëtzebuerg. D'Table Ronde ass eng Associatioun, déi ënner anerem Projete fir de gudden Zweck mécht an ënnerstëtzt. An engem Tagebuch huelen d'Kanner eis Dag fir Dag mat op hir Aventurë wärend hirem Seegel-Tuer.

De véierten Deel vun hirem Tagebuch

De Moie si mer opgestanen a jiddereen huet sech gefrot, wéi mer den Owend vu gëschter dann nach sollen toppen.

No Schocki, Panecher a Croissant goung et du knapps dräi Stonnen laanscht de Cape d’Antibes an d’Baie vu Villefranche.

Kachen, iessen, schwammen, a scho war de Nomëtteg ëm. Zäit fir déi nächsten Theme-Soirée: la Magie des Voiles.

En Owend fir eis Harry Potteren, Feeën an Zauberer an der Citadelle vu Villefranche, mat als Iwwerraschung engem Optrëtt vun der "The Voice Kids"-Gewënnerin aus Frankräich an engem grousse Freedefeier.

Muer geet et op Monaco. A wat dat fir d’Kanner bedeit, si si sech warscheinlech nach guer net bewosst… ;)

Bis muer!

Seegel-Tuer: Les Voiles de l'Espoir (Deel 4 vu 7)
"Les Voiles de l'Espoir" ass déi weltwäit gréisst solidaresch Seegelveranstaltung fir Kanner (8-14 Joer), déi Kriibs haten.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO