Meteo déi nächst DeegFir Silvester an Neijoerschdag bleift et kal an dréchen

RTL Lëtzebuerg
E wäisse Chrëschtdag gouf et schonn eng Zäit net méi, ma och zum Joreswiessel deite sech keng Schnéiflacken un. Et soll allerdéngs nees méi kal ginn.
© Cristian Blazquez Martinez on Envato

En Héichdrockgebitt iwwer Skandinavien verlagert sech bis zum Weekend bis an Nordwesteuropa. Dat bedeit, dass et och hei am Land kal gëtt.

E Freideg erwaart eis en dréche kalen Dag mat vill Sonn an engem äisegen Nordostwand, dee mat Wandspëtzte vun 20 bis 30 km/h geblose kënnt. D’Temperature klammen dobäi net méi héich wéi 4 Grad.

Och d’Nuecht op e Samschdeg gëtt stärekloer an et si bis zu -3 Grad z’erwaarden, am Dag kënnen d’Temperature MeteoLux no awer bis op 5 Grad klammen, deemno wou ee sech grad am Land ophält. E Sonndeg wéi och am Ufank vun der Woch gëtt et änlech, dréche kal mat vill Sonn. Am neie Joer soll dann de Wanter nees kuerz zouschloen. Ob eventuell do dann e puer Schnéiflacken z’erwaarde sinn, dat verroden eis déi aktuell Previsiounen awer nach net.

Back to Top
CIM LOGO