
De Fall vun der Actrice Jessica Mann gëtt zanter en Dënschdeg nei verhandelt. Si gehäit dem Weinstein vir, si am Joer 2013 vergewaltegt ze hunn. De fréiere Produzent behaapt dogéint, si hätt dem Verkéier mat him zougestëmmt gehat an hie wier dowéinst onschëlleg.
Den neie Prozess huet ugefaange mat der Auswiel vun den 12 Membere vum Jury. De 74 Joer ale Weinstein ass am Rollstull an de Sall erabruecht ginn. Säi Spriecher Juda Engelmayer huet erkläert, säi Mandant géif e faire Prozess erwaarden, an deem d’Fakten hie géingen entlaaschten.
En éischte Prozess an deem Fall war am Juni d’lescht Joer ouni Urteel op en Enn gaangen, nodeems de Jury sech net eenege konnt. Am selwechte Prozess war de Weinstein wéinst sexuellen Iwwergrëffer op d’Produktiounsassistentin Miriam Haley fir schëlleg befonnt ginn – vun de Virwërf wéinst Iwwergrëffer op d’Model Kaja Sokola war hien dogéint deemools fräigesprach ginn.
De fréieren Hollywood-Produzent sëtzt aktuell eng 16 Joer laang Prisongsstrof a Kalifornien wéinst weidere sexuelle Strofdoten of. Géint dëst Urteel war den Harvey Weinstein an Appell gaangen. Eng Unhéierung viru Geriicht ass fir den 23. Abrëll geplangt.
Méi wéi 80 Fraen haten dem Produzent Sexualdelikter virgehäit. 2017 war de Skandal un d’Rulle komm, nodeems an der “New York Times” an am Magasinn “New Yorker” seng Doten devoiléiert gi waren. D’Artikelen haten deemools d’"MeToo"-Beweegung ausgeléist. Zanterhier ass den Numm Weinstein weltwäit e Synonym fir Männer, déi hir Muecht géintiwwer Fraen ausnotzen.