D’Wantersaison an de Bierger ass nach net eriwwer. Dat gutt Wieder mat Sonn, bloem Himmel an de Bierger voller Schnéi zitt vill Begeeschterter op d’Schi. Sou och ënner anerem an Éiträich. D’Lawinegefor ass extrem héich. Eleng leschte Weekend goungen der eng 250 erof. Siwe Persoune sinn an Tirol an am Vorarlberg gestuerwen. Och déi nächsten Deeg bleift de Risk vu Lawinen héich. Dëse Wanter si bis ewell 26 Mënschen an Tirol duerch Lawinen ëm d’Liewe komm.