Am Alter vun 90 JoerFréieren Nasa-Astronaut Walter Cunningham gestuerwen
De Walter Cunningham war ee vun den dräi Astronauten, déi um éischte bemannte Weltraumfluch am Joer 1968 deelgeholl haten.
Verëffentlecht: 04.01.23 08:47, Update: 04.01.23 12:28
Hie war de leschte Member vun der Apollo-7-Crew deen nach gelieft huet. 11 Deeg waren d'Astronauten ëm d'Äerd gekreest. Wärend dësem Fluch goufen dann och déi éischt Biller aus dem Weltraum live op der Telé iwwerdroen.