ParäisEnquête opgemaach géint Patrick Bruel wéinst versichtem Viol

RTL mat AFP
Nodeems den 12. Mäerz eng Plainte deposéiert gi war, ass zu Paräis eng Enquête opgemaach ginn, sou de Parquet.
© ALAIN JOCARD/AFP

Zu Paräis ass eng Enquête opgemaach ginn, déi de Patrick Bruel viséiert, nodeems den 12. Mäerz eng Plainte géint hien agaange war wéinst versichter Vergewaltegung a sexueller Aggressioun. De Parquet huet dobäi net preziséiert, vu wiem déi Plainte deposéiert gi war. Et heescht just, dass et ëm e Virfall vu virun e puer Joerzéngte géing goen.

Den 12. Mäerz war eng Plainte deposéiert gi vun der aktueller Generaldirektesch vun Unifrance Daniela Elstner. Hir Affekotin Jade Dousselin huet sech erfreet gewisen, dass d’Ermëttlunge sou séier ageleet gi sinn. Si géifen natierlech enk mam Paräisser Parquet zesummeschaffen, fir datt d’Wouerecht un d’Liicht ka kommen, sou d’Juristin weider géintiwwer AFP.

D’Reprochë géint de franséische Star ginn zréck op de November 1997, wéi d’Daniela Elstner beim Festival du film français zu Acapulco a Mexiko Assistentin bei Unifrance war. Do wier de Museker iwwergrëffeg ginn.

Géint de Patrick Bruel leet donieft zu Saint-Malo nach eng weider Enquête wéinst Viol. Dës geet zréck op eng Plainte, déi Enn September 2024 deposéiert gi war. Dora gehäit eng Fra dem Sänger vir, si am Oktober 2012 am Kader vun engem Filmfestival zu Dinard vergewaltegt ze hunn, bei deem hie President vum Jury war.

De franséische Medieportal Mediapart hat den 18. Mäerz geschriwwen, dass nach fënnef weider Fraen änlech Virwërf géint de Bruel deposéiert hätten. Tëscht 1992 an 2019 wier et zu dëse Sexualdelikter komm, eng vun de Fraen wier deemools nach mannerjäreg gewiescht. Dem Museker säin Affekot streit all Virwërf of a verweist op fréier Versich, dem Bruel sexuell Iwwergrëffer nozeweisen, déi och am Sand verlaf waren.

Back to Top
CIM LOGO