D'Zukunft vun der Mobilitéit?Eng kalifornesch Firma schafft un enger Zort Flug-Auto

RTL Lëtzebuerg
Aktuell kascht den Apparat ronn 200.000 Dollar an ass domat éischter nach eng Fräizäitbeschäftegung.
D'Zukunft vum Individual-Transport?
Eng kalifornesch Firma produzéiert kleng Fluchmaschinne fir eng Persoun mat Elektromotoren.

Wéi gesäit d’Zukunft vum Persounentransport aus? Wann et no enger Firma aus Palo Alto a Kalifornien geet, ass se elektresch a geet vun der Strooss an d’Luucht. Deemno sollen d’Leit an e puer Joer mat klenge Fluchmaschinne fir eng eng Persoun, déi mat Elektromotore fléien, vun A op B kommen. Aktuell läit de Käschtepunkt fir esou en Apparat bei ronn 200.000 US-Dollar, dat bei enger Autonomie vu grad emol 20 Minutten. Dat Ganzt ass aktuell also nach éischter eng Spillerei an d’Serie-Produktioun wuel nach Zukunftsmusek.

Ma e Modell fir e puer Passagéier vun enger anerer Firma soll awer schonn 2028 an den Asaz kommen. Dës soll d’Athleten op den Olympesche Spiller zu Los Angeles wärend de Kompetitioune vun engem Stadion bei deen anere fléien. D’Firma huet dofir e Kontrakt mat den Organisateure vun den Olympesche Summerspiller ausgehandelt.

Back to Top
CIM LOGO