Iwwer 600 Jonker waren e Sonndeg den 28. Dezember um Bréisseler Studentebal. Fir déi 42. Kéier gouf dëse Bal vun de Lëtzebuerger, déi zu Bréissel studéieren, organiséiert.
Bei gudder Laun a Musek gouf sech wärend e puer Stonne gutt amuséiert. No Dikrech d’zejoert war dës grouss Party dëst Joer zu Hollerech net wäit ewech vum Bouillon.
Dräi DJen hu fir déi richteg Ambiance gesuergt.