
D’Fast-Food-Léift vum US-President Donald Trump ass jo bekannt, rezent Biller aus dem Wäissen Haus ënnersträichen dëst op en Neits. E Méindeg huet nämlech, viru versammelter Press, eng Fra Iesse vu McDonald’s direkt un d’Dier vum Oval Office bruecht. Eng Aktioun, déi weder spontan, nach ouni politeschen Hannergrond war.
Konkret huet den US-President Donald Trump sech zwou McDonald’s-Tute mat Fast Food an d’Wäisst Haus liwwere gelooss, se du perséinlech entgéintgeholl an der eelerer Fra, dem Sharon Simmons, mat engem “Doordash Grandma"-Tshirt un, 100 Dollar Drénkgeld ginn.
D’Zeen sollt u sech spontan wierken, war awer natierlech vu vir era geplangt: Den Donald Trump wollt domadder Reklamm fir seng Steierpolitik maachen, déi senger Ausso no héich Steiererliichterunge fir Leit mat sech bréngt, déi op Drénkgeld ugewise sinn.
Dass d’Aktioun geplangt war, gëtt engem kloer, wann ee bedenkt, wéi streng d’Sécherheetskontrolle sinn, fir iwwerhaapt mol bis bei d’Wäisst Haus ze kommen. D’Liwwerung, an domadder de Besuch vum Sharon Simmons, war natierlech länger am Viraus beim Sécherheetspersonal ugemellt an och ageplangt. En plus gouf mat der Fra vum Liwwerdéngscht och e klenge Video gedréit.
Séier huet d’Online-Communautéit erausfonnt, datt d’Simmons schonn dacks bei gréissere republikaneschen Eventer, wärend der Compagne zum Beispill, dobäi war. Si huet behaapt, dass si mam US-President senge Steiererliichterunge ronn 11.000 Dollar Drénkgeld am Joer verdénge géif, Zuelen, déi d’Journalisten op der Plaz natierlech net iwwerpréiwe konnten.
Bei dësem neie Steierpak vun der US-Regierung soll et jo Leit méiglech sinn, bis zu 25.000 Dollar un Drénkgeld vun de Steieren ofzesetzen.
Ënnert anerem gouf si dunn och vum US-President gefrot, wat hir Meenung zu Transgender-Persounen am Sport wier. Dozou war si awer net bereet, eppes ze soen an huet betount, si wier do, well si géint déi héich Besteierung op Drénkgeld wier. Op alle Fall eng éischter ongewéinlech an deelweis absurd Situatioun, déi sech do e Méindeg virum Wäissen Haus ofgespillt huet.
Dono huet den Donald Trump si e wéineg eleng nieft sech stoe gelooss, wärend hie Froen zu der internationaler Situatioun säitens der Press beäntwert huet. D’Wäisst Haus huet iwwerdeems spéider matgedeelt, dass den Donald Trump d’Iessen un d’Mataarbechter am Westfligel vum Wäissen Haus verdeelt hätt.