
Mat engem staarken Handschlag an engem breede Grinsen am Gesiicht begréisst mech de Georges Christen bei sech a proposéiert mir direkt den Du.
"Als stäerkste Mann vu Lëtzebuerg hunn ech mech ni bezeechent. Ech hat ëmmer meng Spezialitéiten, wou ech a mengen Übunge besser war ewéi elo vläicht e Weltmeeschter am Gewiichthiewen oder am Powerlifting". Dat stellt de Georges Christen direkt kloer. "Ech war vu Kand un ëmmer um Kraafttraining interesséiert. Mäi Papp huet däers gemaach. Hien huet mir ëmmer vun engem Lëtzebuerger Athlet erzielt. Dem John Grün. Ech selwer war un där Artistewelt vum Enn vum 19. Joerhonnert faszinéiert".
Mir sinn am Ufank vum Joer 1983. "Deen Owend waren net besonnesch vill Leit am Bistro, mee d'Ambiance war gutt", sou de Georges Christen. "Meng Show war e bëssi limitéiert. Ech hat just Neel fir ze béien, ech hat Kaartespiller, en Telefonsbuch an eng eise Staang zerrappt. Deemools hat ech nach näischt mat den Zänn gemaach".
Well et de Leit awer sou gutt gefall huet, gouf de Georges Christen vum Wiert nach dräimol engagéiert.
De Georges Christen war am Stater Kolléisch an der Schoul, wou hien op der Ekonomie-Sektioun d'Bänk gedréckt huet. Duerno huet hien als Assurancenagent geschafft. Spaass hat hien domadder awer net wierklech. Als Artist wollt hie léiwer optrieden. "Am Ufank war et immens schwéier. Ech hat nëmmen e puer Optrëtter an duerno koum laang näischt méi. D'Ufroe fir Optrëtter koumen nëmmen esou eragedrëpst".
Vun do un hat de Georges Christen bemol bis 100 Optrëtter pro Joer. "Dat war dunn eng ganz aner Saach. Dovunner konnt ech dunn och liewen".
De Georges Christen huet dunn als Independant geschafft. Seng Gagen, déi hie verdéngt huet, waren natierlech Brutto. "Ech hu missen duebel Krankekeess a Pensiounskeess bezuelen. Den Enregistrement huet un ee geduecht, well een huet missen TVA bezuelen an d'Steieren denken ëmmer un een. Et goung net nëmmen drëms, staark an de Muskelen ze sinn, et huet een dat och missen ewéi e Geschäft geréieren".
Am Alter vun 19 Joer huet de Lëtzebuerger säin éischte Rekord opgestallt. Den 3.Dezember 1982 huet hien 250 Eisenneel an 72 Minutten a 55 Sekonne verbéit.
"Als Kand war ech ni iwwerduerchschnëttlech staark. Ech war awer ëmmer besiess, fir wëlle staark ze sinn. Am Alter vu 15 bis 16 Joer hunn ech Gewiichter gehuewen. Fir a menge Spektakele gutt ze ginn, hunn ech misse ganz geziilt dorunner trainéieren. E bëssi ewéi en Zirkusakrobat".
De Christen's Georges koum dunn op d'Iddi, fir Gewiichter mat den Zänn ze hiewen. Awer wichteg: et soll een ni mat den Zänn an d'Eise bäissen. Et soll een ëmmer en Duch drumaachen. Wat ganz stabil ass. Da kann ee Gewiichter an d'Luucht hiewen.
26 Mol stoung de Georges Christen mat engem Rekord am Guinness Buch. "Hätt ech dat net gehat, wär ech e lokale Strongman zu Lëtzebuerg gewiescht. Duerch d'Guinness Buch vun de Rekorder gouf ech op de 5 Kontinenter bekannt. Ech hat awer och meng Limitten. Ech war kee Superman oder de King-Kong", sou de gebiertege Stater am RTL Interview. An den 80er Jore gouf et jo och nach keen Internet. De Georges Christen konnt sech also néierens eppes ukucken, wéi aner Artisten hir Virféierungen organiséiert hunn.
"Bei menge Spektakelen hunn ech dacks d'Kanner misse bremsen. Si waren am verhexten, fir Saachen nozemaachen. De Kontakt mat all de Leit war awer flott. Ech hunn ëmmer versicht, e Familljeprogramm unzebidden. Fir all sozial Schichten".
Mëttlerweil hunn d'Kanner vu fréier selwer Kanner.
Mir schreiwen den 31.Dezember 1999. Op deem Dag huet de Georges Christen eppes Aussergewéinleches gemaach. Hien huet a 24 Stonnen 2.000 Neel gebéit. "2.000 Neel fir d'Joer 2000. Et war ugaangen um Mëtternuecht den 31.Dezember an et huet fir den Ufank vum néie Joerdausend opgehalen". De Georges Christen grinst iwwert d'ganzt Gesicht.
40 Joer laang huet de Georges Christen vu sengen Optrëtter gelieft. Hien hat der iwwer 100 pro Joer. Bis 2020, du koum d'Corona-Pandemie an de Lëtzebuerger Strongman hat nach een Optrëtt 2021. Duerno ass hien dunn an d'Pensioun gaangen.
Mëttlerweil huet de Georges Christen 63 Joer. Op der Insel Mallorca kann een him dacks iwwert de Wee lafen. Vereenzelt Optrëtter hëlt hien och nach un.